Babbocaffè – de richtege Kaffi fir déi richteg Stad

Babbocaffè – de richtege Kaffi fir déi richteg Stad
Gastronomie, Shopping

Wann ee Babbocaffè seet, da seet een och Saro Pica. Den 30 Joer jonken Escher lieft säi Babbocaffè nämlech mat Häerz a Séil. Seng Passioun fir de Kaffi spiert een an all Taass, déi hien zerwéiert, an an all Tut Kaffi, déi hie verkeeft. Fir säin eegene Kaffi ze réischteren, huet hie sech a Coursen, mee virun allem duerch ganz vill experimentéieren en exzeptionelle Know-How a punkto allem wat Kaffi ass, bäibruecht. Dat mierkt een net nëmmen um Succès vum Babbocaffè, mee och un senger diverser Clientèle. „Vun Affekoten a Bauaarbechter bis Famillje mat Kanner oder souguer mol bekannte Cyclisten oder Politiker, ass alles dobäi.“

“Ech kéint mir net virstelle vun hei fortzegoen.“

Säit elo 7 Joer gëtt et de Babbocaffè zu Esch: “Ech kéint mir net virstelle vun hei fortzegoen.“ Dat huet och vill verschidde Grënn, net nëmmen ass de Saro hei opgewuess, mee d’Stad Esch huet dem Babbocaffè och ënnert d’Äerm gegraff wéi hie gefrot huet fir eng Terrasse viru senger Dier ze maachen. Elo huet hien nämlech net nëmmen eng Terrasse mat flotte Sëtzplazen an enger Marquise, mee och nach e klenge Parking an ee vun de flotten Escher jardin éphémère direkt virun der Dier.

„All Boun ass anescht.“

Saro Pica

Bannen am Café gëtt et dann och dem Saro seng Brennmaschinn, wou hie vill Stonnen dobäi verbréngt fir aus Bounen aus aller Welt de perfekte Kaffi ze brennen. „Kaffi brennen ass eng Wëssenschaft fir sech. All Boun ass anescht. Sou muss een dann och de Brennprozess, an Etappen, ëmmer upasse fir dat Bescht aus der Boun erauszekëddelen.“ Dat ass och dem Saro seng Approche bei de Clienten: „All Client huet en anere Goût. Wann d’Leit Kaffi kafe kommen, da recommandéieren ech hinne meeschtens verschiddener. Wann si mir dann duerno soe wat hinne geschmaacht huet, da kréien ech e méi genaut Bild wat hinne schmaacht.“

Dobäi komme vill vu senge Clienten ëmmer erëm. „D’Escher hunn och méi Charakter,“ seet de Saro. „Zu Esch ass d’Relatioun mat de Cliente méi perséinlech. Et léiert een d’Leit kennen a verschiddener ginn iwwert Zäit souguer zu gudde Kolleegen.“
Dës perséinlech Relatioun huet sech och wärend der Corona-Kris gewisen. Getrei senger Philosophie sech ëmmer weider z‘entwéckelen, huet de Saro e Liwwerservice iwwer Internet ugebueden, a vill Clienten hunn dovu profitéiert. De Saro huet de Kaffi dann och selwer geliwwert. „Souvill Auto gefuer wéi wärend dem Lockdown sinn ech nach ni, mee wann e Client zu Wolz mäi Kaffi wëll da fueren ech och dohin“.

„Esch ass fir mech déi richteg Stad“

Fir d’Zukunft ass de Saro awer trotz allem optimistesch. „D’Stad Esch developpéiert sech. An de leschte Joren hu mer all Weekend am Summer Touristen déi bei eis kommen an och Esch fir sech entdecken. Dat hate mer virdru méi seelen.“ Mat de ville flotte Projeten zu Esch (wéi zum Beispill Esch2022) gesäit de Saro nëmme Guddes an de nächste Jore fir Esch.

Fir hien ass et souwisou einfach resuméiert: „Esch ass fir mech déi richteg Stad“.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom