Esch2022 – E Gespréich mam Nancy Braun

Esch2022 – E Gespréich mam Nancy Braun
Esch2022

Et huet ee schonn dovun héieren, mee wat genau ass Esch2022 eigentlech? Sinn dat just Evenementer, huet et mat Kultur ze dinn, wéini geet et un, wéini ass et eriwwer? Dat sinn déi Froen déi een sech dozou stellt. Wéi sech am Gespréich mam Nancy Braun, Generaldirekter vun Esch2022, erausstellt, sinn dat ganz wichteg Froen.

Wat ass Esch 2022?

„Esch2022 ass kee Kulturjoer! An et ass virun allem net JUST Kultur. E Kulturjoer fänkt den 1. Januar un an hält den 31. Dezember op. Esch2022 soll awer wäit doriwwer erausgoen. Et ass e Projet fir d’Zukunft.“ Dobäi geet et net just ëm Kultur am klasseschen, enk gefaasste Sënn. Kultur a kulturell Evenementer sinn zwar en wichtegen Deel dovun, mee zousätzlech ëmfaasst et Theme wéi mobilité douce, Nohaltegkeet, Tourismus an déi generell Attraktivitéit vun der Regioun.

„D’Joer 2022 ass natierlech do wou alles ufänkt, mat eisem Launch an der Woch vum 22.02.2022. Esch wäert natierlech mat all senge Quartieren eng ganz grouss Roll spillen, dorënner de Stadkär an de Belval. „Iwwerall wäerten zum Thema ‚Remix‘ Projeten ëmgesat ginn, déi sech ergänzen.“ Genau sou wéi och an de Gemenge vum Pro-Sud-Verband souwéi op der anerer Säit vun der Grenz an der Communauté de communes du Pays Haut Val d’Alzette (CCPHVA).

An der Woch vum 22.12.2022 gëtt et da souzesoen en 2te Launch. Mat Esch2022 gëtt nämlech de Grondstee fir eng nohalteg Zukunft geluecht – vill Projete sollen och no 2022 weiderliewen.

Wat ass de groussen Défi vun Esch2022?

„Ee groussen Defi dee mir jo e bësse virun d’Dier gestallt kruten ass d’Covid-Kris. Mir wëssen natierlech net wéi et bis dohin ausgesäit, mee mir mussen natierlech prett si fir dat wat kënnt.“ Bis dohi ginn et keng Excuse méi, mee déi Aufgab bitt duerch den digitale Volet och ganz nei Méiglechkeeten. „Trotzdeem musse mir dann och mathëllefen déi nei „Normalitéit“ ze formen, an de Leit d’Méiglechkeet ginn, sur place matzemaachen sou dass si sech dobäi zu 100% kënne sécher fillen.“

Matmaachen ass och e wichtegt Wuert fir Esch2022. Eng aner grouss Erausfuerderung ass d’Leit dozou kréie matzemaachen. „Et ass op allen Niveauen e kollaborativen a participative Projet.“ Souwuel vun der Organisatioun hier wéi och dann tatsächlech op er Plaz, wann et bis lassgeet. Vill Projete sinn dorops ausgeluecht fir dass d’Visiteure kënne matmaachen, mee och allgemeng ass et eng grouss Zesummenaarbecht vun de verschiddene Ministèren a Gemengen.

„Well mir och Nohaltegkeet an de Virdergrond stellen, ass et als éischt emol wichteg gewiescht, déi verschidden Acteuren déi et scho ginn, zesummenzebréngen. Dat ass och flott elo ze gesinn, wéi zum Beispill d’Gemengen sech ënnerteneen austauschen.“ Sou kënnen dann existéierend Strukture genotzt ginn, souwuel organisatoresch wéi och vun der Infrastruktur hier.

Bei Esch2022 geet et nämlech net drëms, erëm e weidere Centre Culturel ze bauen. „Et gi scho vill bestoend Strukturen an et geet drëms dës Strukturen ze notzen, ze fërderen an se wéider mat Liewen ze fëllen.“ Nohaltegkeet heescht och dat notze wat ee schonn huet, an net ëmmer eppes Neies kafen oder bauen.

Wat bréngt Esch2022 dann elo de Leit an der Regioun?

Esch2022 bréngt der Stad an der ganzer Regioun als éischt emol ganz vill Opmierksamkeet. Doduerch dass mir och elo en digitale Volet wëllen aplangen, gi souguer d’Dieren weltwäit op.“ En Evenement den dann zum Beispill online iwwerdroe gëtt, kann iwwerall gekuckt ginn. Do besteet e risegrousst Potential fir de ganze Projet wäit iwwer d’Regioun erauszedroen. Sou bréngt och eng Kris hir Chancë mat sech, och wann een e bësse muss dono sichen.

Déi Opmierksamkeet bréngt dann och vill Leit an d’Regioun. „Dat huet dann och e wirtschaftlechen Impakt op d’Regioun, an dofir mussen d’Commerçanten och prett si fir d’Leit.“ Et ass kloer dass, wa vill Leit kommen, d’Commercen déi och solle kënnen empfänken, op dat elo de Butték um Eck oder de Béierstand niewendrun ass. Duerch d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteure sollt dat awer kee Problem sinn. „Mir sinn also alleguerten een Deel vum Succès.“

An da ka sou e grousse Projet wéi Esch2022 och den Image vun enger Stad oder enger Regioun staark beaflossen. Vun den Eventer bis hin zu den Efforten déi gemaach ginn a punkto Nohaltegkeet a Mobilitéit, de ville Projete wou d’Leit direkt kënne matmaachen, bis iwer d‘Weer, wéi se vun doheem aus iwwert de Computer kënne matmaachen: d’Iddi ass de Leit ze weise wat Esch an dës Regioun alles kënnen. „Dat gëtt formidabel. Wann d’Leit kommen da soen se „Wow, dat ass Esch?“ mat groussen Aen. „Jo, dat ass Esch!“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom