Atelier Verraille – Déi Saachen hunn eng aner Energie!

D’Konzept vum Atelier Verraille an der Escher Avenue de la Gare ass esou seele wéi et einfach ass. Hei kënnen talentéiert Konschthandwierker vun alle Sparten hir Wuer am Zentrum vun Esch verkafen a kënnen zesummen och méi eng grouss Diversitéit u Produiten ubidden. D’Michèle Ludovicy huet sech mat dësem Buttek a senge flotte Produiten sou virun 2 Joer en Dram erfëllt.

Mat hirem Mann, dee vu Gebuert Escher ass, ass d’Michèle viru 4 Joer op Esch geplënnert. Den Dram sech selbststänneg ze maachen an eventuell e Buttek opzemaachen, war du scho laang an Aarbecht. No laange Joren am Finanz-Secteur, an als Léierin, huet d’Michèle sech dunn endlech getraut. Wéi de Buttek bis gelaf ass, huet hatt seng Aarbecht gekënnegt a säitdeem net méi zeréck gekuckt.

„Et mécht all Dag Freed déi schéi Saachen hei ronderëm mech ze hunn,“ erkläert d‘Michèle houffreg. A schéi Saache ginn et der hei vill: Seefen, Doftkäerzen, Keramik, Glas, Schaler, Hockeren, Masken, Mutzen an nach villes méi. Dat Wichtegt ass, dass alles zu Lëtzebuerg vun Handwierker hiergestallt gëtt an net aus der Fabrick kënnt. „Déi Saachen hunn jo och eng aner Energie wéi déi di aus der Fabrick kommen.“
Déi Kreatiounen déi d’Michèle selwer hierstellt, verkeeft hatt hei natierlech och. Als Glasbléiserin stellt hatt haaptsächlech Glaspärelen hier, déi iwwert enger oppener Flam gewéckelt ginn. Dës ginn et an alle Faarwen a Formen, als Bijouen oder Dekoratioun an och mol funktionell, zum Beispill als Füllfieder. „D’Glaspärelen hunn ech eng Kéier an der Vakanz entdeckt a war säitdeem faszinéiert.“

Déi verschidde Konschthandwierker déi hir Produiten am Atelier Verraille verkafen, sicht d‘Michèle selwer eraus. Am Moment ginn et hei Artikele vun 13 Creatricen. Wéi den Zoufall et esou wëll, sinn et alles Fraen déi hei hir Saachen ubidden. „Dat kann sech awer ganz schnell änneren,“ ergänzt d’Michèle. Et gehéiert nämlech net zum Konzept vum Buttek, mee huet sech éischter duerch Zoufall esou erginn.

Sou fillt d‘Michèle sech net nëmmen a sengem Buttek, mee och zu Esch am Allgemenge ganz wuel. „Mir sinn immens frou zu Esch. Et ass flott alles ze Fouss kënnen ze maachen an dass alles no bäi ass.“ Och aner Geschäfter gefalen him gutt, dofir ass d’Michèle och iwwerzeegt dass sech gutt Iddien a Produiten zu Esch och duerchsetzen an Erfolleg hunn. Trotz den aktuellen Ëmstänn ass d’Michèle och ganz optimistesch fir d’Zukunft: „D’Leit waarde just drop fir erëm op Esch ze kommen.“
















