Wosst Där schonn? – E puer Fakten zur Escher Stroossebeliichtung

Wosst Där schonn? – E puer Fakten zur Escher Stroossebeliichtung
Le saviez-vous?

D’Beliichtung vun enger Stad ass fir vill Leit ganz wichteg. Net nëmme fënnt een ënnert enger Stroosseluucht sécher de Wee heem, mee eng flott Beliichtung hieft och de Charakter vun enger Stad ervir. Zu Esch hu mär eng wonnerschéin a modern Beliichtung, déi d’Ekipp vum Ady Emering konstant a Stand setzt an um Lafen hält.

Insgesamt ginn et zu Esch ongeféier 5.000 Stroosseluuchten, wouvunner der schonn 39% op méi modern LED Luuchten ëmgebaut gi sinn. Am Zentrum stinn 342 Luuchten, dovunner 287 LED Luuchten. An der Uelzechtstrooss ginn et 128 Luuchten, déi a Gruppe vu 4 op déi grouss, mof Maste verdeelt sinn an nach eng Kéier 12 normal Luuchten. Dat sinn all Kéiers modern LED Luuchten, genau sou wéi op de grousse Plazen, wou et der 44 op der Maartplaz an 89 op der Brillplaz ginn.

D’Virdeeler vun enger moderner LED Luucht leien op der Hand. Bei enger klassescher Stroosseluucht muss am Schnëtt all 3 bis 4 Joer d’Bier gewiesselt ginn. D’Liewensdauer vun enger LED Luucht ass awer vill méi grouss. Sou sollen déi zu Esch iwwer 100.000 Stonne liichte kënnen. Dat wieren ongeféier 30 Joer. Do kann also vill gespuert gi wat d’Maintenance ubelaangt. Dem Ady seng Ekipp ass also fläisseg um ëmrëschten.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom