Restaurant Moustache – Eppes Guddes fir jiddereen!

Restaurant Moustache – Eppes Guddes fir jiddereen!
Gastronomie

Et war an enger Vakanz wou de Carlos Breda op de Numm „Restaurant Moustache“ komm ass. Seng Elteren hu säit 1995 e Restaurant zu Esch gefouert, deen haaptsächlech fir seng portugisesch Spezialitéite bekannt war. De Carlos, hautdesdaags Coordinateur général vum CIGL ESCH, wollt deemools sengen Elteren hëllefen de Restaurant ze moderniséieren. Dobäi sinn him net nëmmen seng Studien am Management, mee och eng lëschteg Vakanz mat Kolleegen, zur Hëllef komm.

Am Abrëll 2015 dunn, huet de Restaurant Moustache seng Dieren opgemaach.  Mat enger moderner Ariichtung, enger entspaanter Ambiance an enger variéierter Kaart bitt de Familljebetrib eppes fir all Goût. „Eis war et wichteg eng modern Kaart unzebidden, déi un d’Populatioun vun Esch ugepasst ass“, erkläert de Carlos. Dofir fënnt een am Moustache dann och Spezialitéiten aus Lëtzebuerg, Portugal, Frankräich, Spuenien an Italien. „D’Kaart spigelt also quasi déi multikulturell Identitéit vun Esch erëm.“

Am Restaurant Moustache kann een also eng grouss Panoplie u Platen genéissen. Vun enger Bouchée bis bei en Teller Gnocchi a vun enger Apero Planchette mat Charcuterie an Ham bis bei e klassesche Bacalau, ass alles dobäi. „Ganz beléift sinn och eis grouss Brochetten“, erkläert de Carlos. „Déi si 50cm laang an déi kritt ee mat Fleesch, Fësch oder Gambas. Déi Jonk iessen och gären eis Burger, vun deene mir vill Verschiddener hunn.“

Eng gutt Zäit ënner gudde Leit

D’Clientèle am Moustache ass dann och esou gemëscht wéi hir Platen. „Et gëtt u sech keen typesche Client bei eis. Hei ass jidderee wëllkomm. Op elo eng Grupp Studente Burger iesse kommen, oder eng eeler Koppel hiren Hochzäitsdag feiert, spillt fir eis keng Roll.“ Der Famill Breda läit et um Häerz, dass hier Gäscht sech bei hinne wuel fillen. „Eis geet et och net em dat Kommerziellt. Mir maachen elo net nach 5 aner Restauranten op. Eis geet et drëms, dass d’Leit hei eng gutt Zäit verbréngen.“

Dës Philosophie zitt sech duerch dat ganzt Konzept vum Restaurant Moustache. Vun der accessibeler, awer qualitativ héichwäerteger Kaart bis bei de frëndlechen a waarmen Empfang vun der Famill Breda. „Mat der Zäit léiert een d’Clienten och kennen an erkennen. Déi eng verbrénge gären e rouegen Owend mat guddem Iessen, an déi aner sinn och frou wann een sech e Moment bei si sëtzt a mat hinne schwätzt“, erzielt de Carlos.

Och op dës oppen Aart a Weis, ass de Restaurant Moustache e Spigelbild vun Esch. Dem Carlos, als „stolzen Escher“ ass dat och wichteg: „Fir mech ass Esch e Musterbeispill vu gelongenem interkulturellem an intergenerationellem Zesummeliewen. Eis ass et wichteg eisen Deel dozou bäizedroen, och wann et just e ganz e bëssen ass.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom