Vu Lokalpatriotismus a Stroossenanimatioun

Vu Lokalpatriotismus a Stroossenanimatioun
Découvrir

E Gespréich iwwer Esch mam Jacques Müller, President vum Syndicat d‘Initiative

Et gëtt wuel kaum e grousst Evenement zu Esch, wou de Jacques Müller an de Syndicat d’Initiative hir Fangeren net am Spill hunn. Als Grupp vu ongeféier 22 Benevollen hunn si et sech zum Zil gesat den Evenementiel zu Esch ze beliewen. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng, schaffe si esou u ville Projeten, ob et elo Concerten, Manifestatiounen, Stroossefester, OpenAir Cinema oder Änleches ass.

De Jacques weess och, dass dat keng Selbstverständlechkeet ass, dass d’Leit hir Fräizäit opferen fir mam Syndicat Evenementer z’organiséieren. Net all Uertschaft huet iwwerhaapt sou e Syndicat d’Initiative. „Et gehéiert e gewësse lokale Patriotismus dozou,“ erkläert de Jacques. No 57 Joer zu Esch wunnen, 35 Joer op der Escher Gemeng schaffen, an enger laanger Karriär bei der Jeunesse, huet de Jacques selwer dovunner natierlech eng gutt Portioun. Wéi de Syndicat weist ass hien dobäi awer och net eleng.

Op Initiative vum Buergermeeschter huet de Syndicat viru kuerzem och d’Produktioun vun engem T-Shirt iwwerholl mam der Opschrëft „ruppEsch“. Wourëms et hei geet ass wuel kee Geheimnis, an de Syndicat an d’Escher déi den T-Shirt droen, weisen op ironesch Aart a Weis, dass si zu hirer Stad stinn. „En plus ginn all d’Suen déi dovun erakomme fir e gudden Zweck benotzt. Net just de Profit, mee alles. Am léifste fir déi lokal Horeca z’ënnerstëtzen.“ Wann dat kee gudde Grond ass sech esou en T-Shirt ze besuergen!

Nieft sou spontanen Aktiounen, organiséiert de Syndicat d’Initiative zum Beispill d’Kavalkade zu Esch, de Culture Forest Festival, verschidde Concerten an der Uelzechtstrooss an Ëmgéigend, d’unplugged Concerte mat ZeroPointFive leschte Summer an natierlech de Chrëschtmaart. Heiansdo organiséieren si och ganz aner Saachen, wéi eng Liesung an engem Lycée. Och mam Escher Geschäftsverband schaffen si zesummen an ënnerstëtzen Initiativen wéi d’Braderie. Op déi eng oder aner Aart a Weis, sinn si an déi meeschten Eventer zu Esch involvéiert an hëllefen e positiivt Bild vun Esch ze vermëttelen.

„Mir sinn do fir de Leit Spaass ze maachen“, erkläert de Jacques. Bei hire Fester ass et dem Syndicat ganz wichteg eng gutt Erënnerung un Esch bei de Leit ze hannerloossen. „D’Escher sollen stolz op hir Stad sinn, an déi vun dobausse solle gesinn wéi flott et hei ass.“ Dobäi bréngen hier Evenementer d’Leit och oft op Plaze wou se soss vläicht net géingen higoen. „Wa mir domat kënnen déi eng oder aner Plaz vitaliséieren, an zum Beispill de Caféë ronderëm hëllefen, dann ass dat natierlech e flotte Bonus.“

De „ruppEsch“ T-Shirt kënnt Dir hei online bestellen oder vu Méindes bis Samschdes vun 9h00 bis 18h00 an der Escher Infofabrik kafen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom