D’Escher Schwemm – Fir e bessert Liewensgefill

D’Escher Schwemm –  Fir e bessert Liewensgefill
Sport

De Jean Wagner, als Gérant Administratif, an de Mike Fandel, als Gérant Technique, bilden de staarken Duo dee fir de Fonctionnement vun der Escher Schwemm suergt. Mat vill Engagement leeden si eng Ekipp vu 45 Leit, dovunner 6 Leit an de Schoulschwemmen, déi vun der Brillschoul an der Nonnewiseschoul. D’Ekipp besteet aus dem Personal am Accueil, déi och déi administrativ Aarbecht leeschten, dem Botzpersonal, dee besonnesch hautdesdaags vill gefrot ass, an natierlech de Schwammmeeschteren, déi och fir d’Technik zoustänneg sinn.

An Technik gëtt et an enger Schwemm genuch, wéi de Mike erzielt: „D’Qualitéit vum Waasser gëtt konstant kontrolléiert, fir dass d’Richtlinne vum Staat agehale ginn.“ Dat ass awer net dat eenzegt. D’Waasser muss konstant erneiert an erhëtzt ginn. Dobäi kënnt an der Escher Schwemm e System an den Asaz deen et soss am Land néierens gëtt. „Mir hunn e Réckwaasser Spullsystem, deen e groussen Deel vum benotzte Waasser erëm op Drénkwaasser-Niveau recycléiert“, erkläert de Jean Wagner.

Dëse System ass den zwee Gerante ganz wichteg. Si waren déi éischt, a bis elo déi eenzeg, am Land déi dëse System agefouert hunn. „Mir droen domadder eisen Deel zur Nohaltegkeet an der Gemeng bäi. Mir spueren esou net nëmme Waasser, mee och Heizkäschten. Dat mécht dat Ganzt e bësse méi ëmweltfrëndlech.“ Op dës Aart a Weis ginn net nëmme Ressource geschount, mee och d’Käschte vun der Schwemm gi kontrolléiert. „An Tëschenzäit kommen se vun iwwerall sech dëse System ukucken, fir en och op anere Plazen eventuell ëmzesetzen.“

Eng konstant Evolutioun

Dës nohalteg Weiderentwécklung steet ganz am Zeeche vun enger konstanter Evolutioun vun der Escher Schwemm. Sou bidden si an Tëschenzäit all hir Coursen net nëmmen op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, mee och op Englesch un. „Mir passen eis domat der wuessender Populatioun vun Esch un. Mam Campus Belval si méi international Leit heihinner komm, déi och vun eiser Offer wëlle profitéieren.“, erklären de Jean an de Mike. An och soss hu si nach vill Pläng fir d’Schwemm, sou kommen demnächst e Fitnesstudio an en Institut de beauté dobäi, an op laang Zäit ass och nach eng grouss Rutsch geplangt.

Et wäert de Leit also u näischt feelen, wann si an d‘Escher Schwemm kommen. „Bei eis kann een alles maachen. Eis Roll als Schwemm ass et zum Bien-Être an der Gemeng bäizedroen, dofir ass eng méiglechst grouss Panoplie u Wellness- a Waasseraktivitéite vu grousser Wichtegkeet.“ D‘Wuelbefanne vun Esch a senge Bierger ze‘ënnerstëtzen, ass fir de Jean an de Mike net just e Beruff. Et mierkt een hinnen eng grouss Begeeschterung fir hir Aarbecht un, déi net zulescht domat ze dinn huet, dass si trotz hire verschiddenen Hannergrënn en déift Gefill vu Verbonnenheet mat Esch verspieren.

De Mike deen u sech net vun Esch ass, fillt sech no 15 Joer als Escher: „Ech sinn zum Escher ginn. Ech sinn hei gutt empfaange ginn an hu mech hei ëmmer ganz wuel gefillt. De multikulturellen Aspekt an d’Zesummeliewen ass fir mech ganz wichteg, an ech fanne vill aner Plaze kéinten sech vun Esch emol eng Scheif ofschneiden.“ Als fréiere Spiller vun der Jeunesse gesäit de Jean dat ganz änlech, besonnesch wat d’Zukunft ubelaangt: „Esch ass eng Stad déi wiisst, virun allem mat deenen zwee grousse Quartieren déi bäikommen. Hei geschitt eppes.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom