E spezielle Produit
Hanf ass e Produit vun deem een hautdesdaags vill héiert. Nodeems Produiten aus Hanf laang Zäit e schlechte Ruff haten, besënnt een sech haut ëmmer méi op déi vill positiv Säiten déi Produiten aus Hanf bidden. De Sacha Mariacher, deen eng Léier als Responsablen an der Vente am Supermarché gemaach huet, huet Inspiratioun um Hanf-Buttek vun sengen Elteren an Däitschland fonnt. Enn August 2019 huet hien dunn säin eegenen Hanf-Buttek an der Uelzechtstrooss opgemaach.

Eng weider Inspiratioun fir de Sacha war e Krankheetsfall an der Famill. Op der Sich no enger alternativer Behandlung, hunn Hanf-Produite schlussendlech gehollef. „Mäin Zil ass et ganz kloer, de Leit déi positiv Aspekter vum Hanf méi no ze bréngen, an hinnen esou ze hëllefen.“ Dem Sasha ass et dobäi ganz wichteg, dass een dat wat hie verkeeft net mat aner Saache verwiesselt. „An de Produiten am Buttek si keng Halluzinogener. Den THC ass ëmmer ënner 0,2%. D’Produiten hunn also kee psychoaktiven Effekt. D’Wuer gëtt ganz streng vun engem europäesche gesetzleche Kader gereegelt a kontrolléiert.”

Mee wat bréngt esou en Hanfproduit dann eigentlech? D’Méiglechkeete si ganz villsäiteg. “Hanf huet e berouegenden Aspekt an ab enger gewësser Dosis kann en och géint de Wéi hëllefen. Ausserdeem ginn dem Hanf eng ganz Rei positiv Effekter op d’Gesondheet zougeschriwwen”, erkläert de Sacha. Bei him ginn et deemno eng ganz Rei flott Produiten. Ganz beléift si Kosmetik-Produiten. “Déi hydratéieren a regeneréieren d’Haut a bei méi staarker Konzentratioun kënnen se och géint Hautproblemer hëllefen”, seet hien.
E grousse Choix an eng Rei Spezialitéiten
A sengem Buttek gëtt et alles wat mat Hanf ze dinn huet, “e bësse wéi an engem Musée” schmunzelt de Sacha. Hien huet awer och eng Rei Spezialitéiten. Sou bitt hien en CBD-Ueleg un, deen extra fir si hiergestallt gëtt. “Do weess ee ganz genau wat dran ass, an et ass och keng Masseproduktioun.” Dësen Ueleg ass villsäiteg asetzbar, an ass ëmmer méi beléift. De Sacha freet sech iwwer all Client deen hie kann doriwwer beroden. Ausserdeem huet Hanfprotein sech och vill weiderentwéckelt an der Lescht, an dee bitt de Sacha natierlech och un.

Wann de Sacha net grad d’Wuer vum Buttek geréiert, oder no neie Produite sicht, dann ass fir hien a seng kleng Ekipp vun 3 Leit de Kontakt zum Client am Wichtegsten. “Et ass wichteg Vertraue vum Client opzebauen a si gutt a perséinlech ze beroden.” Besonnesch vill vu senge Clientë sinn éischter stänneg Leit am mëttleren Alter. Vill vun hinne sichen no Produiten déi hinnen am Liewen hëllefen, an do ass eng gutt Berodung onbezuelbar. Anerer sichen Alternativen zu de gängege Produiten um Marché, sou wéi zum Beispill Kleeder oder Rucksäck déi aus Hanf hiergestallt ginn, an doduerch am Géigesaz zu kënstleche Stoffer klimaneutral sinn.

„Déi meescht Clienten kommen direkt vun Esch oder aus dem Minett. Si soe wat se denken a si ganz oppen. Sou hu mir meeschtens eng ganz familiär Relatioun.” Dës direkt Relatioun mam Client gefält dem Sacha, deen sech dat esou néierens anescht ka virstellen, och wann hie plangt demnächst en zweete Buttek anzwousch anescht opzemaachen. “Wa mir doduerch nach méi Leit kënnen erreechen, an hinnen eventuell mat eise Produiten hëllefen, dann ass et dat Wäert.” E Gedanken, dee sécherlech op Esch passt, wéi d’Fauscht op d’Aen.