Because Music Matters

Because Music Matters
Culture

E klengt Stéck Normalitéit

E Concert vum Serge Tonnar fir 1000 Leit, dat war d’Zil vu ‘Because Music Matters’, e Projet deen d’Rockhal, zesumme mat der Inspection Sanitaire, ënnerhalb vu kuerzer Zäit op d’Been gestallt huet. Den 21. Mee war et dunn esou wäit a ronn 600 Museksbegeeschterter konnten am Kader vun dësem Pilotprojet erëm e Concert am grousse Sall vun der Rockhal erliewen.

Dëse Concert gouf ënner spezielle sanitäre Mesuren duerchgefouert, déi zesumme mam Ministère de la Santé opgesat goufen, an ass e weidere Schrëtt fir erëm méi grouss Concerten zu Lëtzebuerg ze organiséieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom