Den Escher Volleyball – Eng zweet Famill

Den Escher Volleyball – Eng zweet Famill
Sport

Vu klengem un dobäi

Den Arnaud Maroldt huet a senger Jugend vill Sportaarten ausprobéiert, mee keng huet him et esou ugedoe wéi de Volleyball. Seng Eltere waren deemools och schonn am Volleyball aktiv an him sollt et net anescht goen. Mat zéng Joer huet hien ugefaange Volleyball ze spillen an ass bis zu sengem Studium och zu Esch am Veräi bliwwen. No engem kuerzen Detour an aner Clibb huet et den Arnaud awer zeréck op Esch gezunn. „De Veräin huet mär iwwert all déi Joren esou vill ginn a fir mech war et un der Zäit do eppes zeréck ze ginn.“

Um Wee no uewen

Haut ass den Arnaud Sekretär vum Escher Volleyball. Viru fënnef Joer huet hien sech mat e puer Kolleegen zesumme gedoen an si hunn d’Relève am Comité iwwerholl. Deemools huet Esch nach an der 1. Divisioun, also der 2. Liga gespillt. „Esch ass eng Sportstad. Déi meescht Escher Veräiner hunn Ekippen déi e gewësse Merite hunn a respektéiert ginn. Dat wollte mär fir de Volleyball och erreechen“, erzielt den Arnaud. Zanter véier Joer spillen d’Hären elo an der Novotel League an hunn dës Saison eng drëtte Plaz am Championnat fir sech verbucht. Den Escher Volleyball ass awer net nëmme fir hir Meritten um Terrain bekannt.

Och niewent dem Terrain aktiv

„D’Luxembourg Beach Open sinn aus der Lëtzebuerger Sport- a Kulturzeen net méi ewech ze denken. Et ass e bësse wéi d’Schueberfouer. Et ass ëmmer eng Monster Organisatioun wou vill Schweess an Energie dra stécht, mee um Enn vum Weekend ass een ëmmer stolz.“ Hei geet et net nëmmen ëm de Sport, mee och ëm dat soziaalt nieft dem Terrain. All Joer kommen d’Escher um Gaalgebierg zesumme fir e Weekend Beach Volleyball ze spillen an zesummen ze feieren. De Veräin huet och nach ëmmer eng Loisirsekipp wou sportbegeeschtert Leit Volleyball spillen an eng flott Zäit zesumme verbrénge kënnen.

Volleyball fir déi ganz Kleng

Och d’Jugendaarbecht ass beim Escher Volleyball ganz wichteg. Vun zéng Joer un kann  een hei  Volleyball spillen. „Volleyball ass eng technesch usprochsvoll Sportaart. D’Technik ass wichteg fir de Spillspaass ze entwéckelen. Dofir hu mär fir déi méi Kléng e neie Projet, deen sech d’Escher Fräschen nennt“, erkläert den Arnaud. Hei sollen d’Kanner vu véier bis aacht 4 – 8 Joer virun allem Loscht um Sport kréien. Si kënnen sech beweegen, lafen a sprange ier se da mam richtege Volleyballtraining ufänken.

Eng zweet Famill

Fir den Arnaud ass den Escher Volleyball Club iwwert d’Zäit zu enger zweeter Famill ginn. An och wann de Veräi weider wiisst an een net méi all Mënsch kennt, ass awer jidderee mat de Féiss um Buedem bliwwen. „D’Escher si souwisou buedemstänneg an éierlech Leit, a wann se eppes ze soen hunn, da soen si et och“, seet den Arnaud. Fir hien als „Escher Bouf“ ass dat ganz normal, an hie fënnt Esch no all deene Joren nach ëmmer spannend an interessant. „Esch ass meng Heemecht. Well se esou multikulturell ass, kann een ëmmer nei Leit mat anere Geschichte kenneléieren. Et geschitt och ëmmer vill zu Esch; et ass eng wibbeleg an dynamesch Stad.“ – Genau sou wéi hire Volleyballsveräin.

Fotoen: Volleyball Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom