Sneak In – E Schong dee passt!

Sneak In – E Schong dee passt!
Shopping

De Ronny Erpelding an de Cédric Steuer hunn eng Passioun déi se deelen: Schong – an zwar Sneaker fir genau ze sinn. Dës ginn am Lëtzebuergeschen och oft Turnschong genannt, obwuel se seele fir ze turne benotzt ginn. De Ronny huet schonn a jonke Jore vill Freed dru gehat wann hien nei Schong krut, an huet och ëmmer fläisseg seng Sue gespuert fir sech déi neisten oder flottste Modeller ze kafen. „Ufank vun den 2 000er Joren hunn ech du richteg domat ugefaangen. Dat huet dunn iergendwann de Cédric a mech zesummebruecht,  an eis motivéiert fir d’ „Sneakermess“, eng Aart Foire fir speziell Schong, ze grënnen.

De „Sneak In“ ass fir de Ronny an de Cédric eng Extensioun vun der Sneakermess, wou si och de Recht vun der Zäit speziell Modeller kënnen ubidden. „Jidderee weess dass mir an dem Milieu dra sinn an ech ginn oft gefrot ob ech bestëmmte Schong ka besuergen. Duerch de Buttek, kréie mir eng fest Plaz wou mir dëse Service elo kënnen ubidden.“ Dëst Konzept konnte si schonn am Pop-Up Esch testen, wat hinnen déi néideg Erfarung ginn huet wéi si dat am beschten ëmsetze kënnen. „De Pop-Up war do eng grouss Hëllef fir ze kucken ob et dofir zu Esch e Marché gëtt.“

Einfach nëmme Schong verkafen ass awer net den eenzege Service vum Sneak In. Wat d’Ekipp vum Sneak In och nach speziell mécht ass, dass si personaliséiert Schong ubidden. Sou kann ee mat enger Iddi bei si kommen, an Artiste molen dann déi gewënschte Motiver oder Musteren op e puer Sneakers. „Ech hat domat och scho viru 15 bis  20 Joer ugefaangen an experimentéiert. Hautdesdaags läit dat voll am Trend a mir hu richteg talentéiert Kënschtler déi dat maachen“, erkläert de Ronny.

Iwwerraschenderweis huet de Sneak In awer nach e weideren Ass am Äermel. Fir Esch 2022 hunn si sech e besonneschen Twist ausgeduecht: Am Sneak In ass nämlech och en Tattoo Studio. „Mir hu geduecht dëse Concept Store géing gutt bei Esch, a besonnesch Esch 2022 passen. Mir molen esou net nëmmen op Schong, mee och op d’Haut.“ Sou fënnt een dann am Sneak In och eng Ekipp vun Adikt Ink, déi sech scho mat hirem Studio a Clausen e Numm gemaach hunn. Am Geescht vun Esch 2022 ass dëst awer net nëmmen e Projet fir eng kuerz Zäit, mee eppes wat och no 2022 nach soll weiderbestoen.

De Ronny ass zwar u sech Schëfflenger, mee Esch war schonn ëmmer e bësse „seng Stad“. „Als Teenager war ech ëmmer zu Esch an haut schaffen ech och hei. Deemools sinn ech hei an d’Schoul gaangen, shoppe komm oder hu mech mat Kolleege getraff. Zu där Zäit ass och d’Iddi fir en eegene Buttek entstanen“, erzielt hien. De Ronny ass och houfereg en onofhängege Sneakerbuttek zu Esch kënnen opzemaachen, an domat d’Bandbreet vun der Offer méi grouss ze maachen. „Esch huet mat senger moderner Entwécklung de passende Schong fonnt fir alles opzepeppen. Vläicht kënne mir jo do eppes dozou bäidroen.“