D’Ausstellung „BETA“ vum Sarah Mandres

D’Ausstellung „BETA“ vum Sarah Mandres
Culture

D’Sarah Mandres ass „eng richteg Escherin“ wéi hatt seet, an dobäi och Kënschtlerin. Mat vill Begeeschterung a Freed, huet d’Sarah seng zweet Ausstellung, benannt nom zweete griichesche Buschtaf „Beta“, an der Galerie d’Art vum Escher Theater op d’Been gestallt. Hei sollen och an Zukunft méi nei, jonk Kënschtler eng Plaz fir eng Ausstellung fannen.

An eisem Video gitt Där méi gewuer, vum Sarah senger Geschicht, senger Inspiratioun an ëm wat et him bei de Wierker vun dëser Ausstellung geet. Kuckt Äech en un, oder besser nach, gitt bis laanscht an d‘Galerie d’Art vum Escher Theater op der Brillplaz (Place de la Résistance). Dem Sarah seng Ausstellung leeft do nach, bis de 24. Juli.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom