La Boule d’Or – D’Séil vum Gaalgebierg

La Boule d’Or – D’Séil vum Gaalgebierg
Sport

Um Gaalgebierg, hannert dem Stade Emile Mayrisch, net wäit vum Tennis an dem „Il Belvedere“, féiert e klenge Wee an de Bësch. Do fënnt een d’Boule d’Or, mat hire 87 Boule-begeeschterte Memberen an enger iwwerraschend grousser a professioneller Anlag. Mëtten an der Natur, hunn d’Membere vum Veräin sech hei iwwer Joren e klengt Paradäis fir Frënn vum Boule a Petanque Sport opgebaut.

De Germain Doffing, Präsident vum Veräin, den Henri Tintinger, déi inoffiziell Séil vum Veräin, an de Romain Sbarra, ee vun de Boule Spezialisten a laangjärege Member, sinn houfereg op dat wat si hei geschaaft hunn. „Mär hunn hei alles selwer gemaach. Jiddereen huet eng Hand ugepaakt an ënnert anerem Betonnièren organiséiert oder mat der Schëpp gehollef. Sou konnte vill vun eis hire Knowhow abréngen. Zum Beispill de Claude Schëtter deen de ganzen Entretien vum Site mécht“, erkläert den Henri. D’Resultat ass eng Anlag déi sech weise léisst.

Nieft enger Rei vun normalen Terraine fir Boule ze spillen, hunn si och eng grouss Fläch ënnert de Beem. „Hei kann e besonnesch am Summer gutt spillen. De Schied suergt dofir dass et gutt kill ass.“ Dobäi kënnt eng Buvette mat enger grousser, gemittlecher Terrasse, wou d’Boule Spiller sech och entspanen an iwwert engem Patt monter ënnerhalen kënnen. D’Prunkstéck ass awer hir klimatiséiert a gehëtzten Hal wou een och Boule Pisten dra fënnt. „Sou kënne mär och am Wanter spillen, wann et dobaussen net esou gemittlech ass“, seet de Germain.

Niewent den Amateuren déi sech hei reegelméisseg treffe fir ze spillen, ginn et am Veräin och 30 Lizenzéierter déi Championnat spille kënnen. Fir de Germain, den Henri an de Romain Sbarra, ass et immens wichteg de Veräin um Liewen ze halen, och fir déi eeler Leit déi dohinner kommen. „Vill Leit kommen och just fir eng Partie Kaart ze spillen, oder a gudder Gesellschaft e Patt ze drénken. Et muss ee just Member sinn, mee dat kascht nëmme 15€ am Joer“, erkläert de Germain.

Zesumme setzen si sech och vill an, fir dass anerer kënne vun hirem Site profitéieren. Esou kënnt zum Beispill de Club Senior Boule spillen, a fréier sinn och Schoulen oder aner Seniore laanscht komm. „Et soll ee keng Angscht hu fir heihinner ze kommen. Et kritt een alles gewisen a jiddereen ass wëllkomm. Mär géingen eis och iwwer méi jonk Membere freeën. sou lues gi mär all e bëssen al“, sou den Henri.

A well d’Raiber vun der Boule d’Or sech fir näischt ze schued sinn, setzen si sech och gäre fir e gudden Zweck an. Esou hunn si fir den 31. Juli e Boule Tournoi geplangt wou de ganzen Erléis un d’Affer vun de rezenten Iwwerschwemmunge geet. 30 Ekippe vun zwee Leit kënne matmaachen an sech bis den 29. Juli per E-Mail aschreiwen. Et muss een also net laang sichen, wann een sech freet wou d’Séil vum Gaalgebierg ze fannen ass.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom