Wicki Beach – Sand, Sonn a gutt Stëmmung

Wicki Beach – Sand, Sonn a gutt Stëmmung
Gastronomie

De Kevin Rotolo fillt sech op der Plage doheem. Besonnesch mat engem Cocktail an der Hand, gudde Leit ronderëm sech, flotter Musek am Hannergrond a Sand ënnert de Féiss, ass dat fir hien déi beschte Plaz fir ze feieren. Dass een dat normalerweis just beim Mier maache kann, wollt hien awer net op sech sëtze loossen. Zesumme mam Luc Frings, huet hien den ultimative Vakanze Feeling op Esch bruecht. Mat 800 Tonne Sand, gudder Musek an enger agespillter Ekipp suergt de Wicki Beach säitdeem hei fir gutt Stëmmung.

Seng Passioun fir Eventer ze organiséieren huet de Kevin scho fréi entdeckt. Wärend senger Schoulzäit mat 18 Joer huet hie mat groussem Succès déi éischt Partyen organiséiert. Vun do un war hie vum Féiwer gepaakt. „Partyen am Sand koumen awer eréischt e bësse méi spéit“, erkläert de Kevin. Dat war wéi hien seng éischt Beachpartyen, genannt „Salitos Beach Party“, tëschent 2010 an 2012 op der Kockelscheier organiséiert huet. Déi sinn vu Joer zu Joer méi grouss ginn, sou dass et net méi mat der Plaz duergaangen ass.

An Zesummenaarbecht mam Luc a gemeinsam mat hirem Techniker Sven ass dunn de Wicki Beach zu Wickreng entstanen. Dohier kënnt och säin Numm. Am Laf vun der Zäit ass och do de Public ëmmer méi zalreich ginn, d’Plaz doduerch ëmmer méi knapp an de Stroosseverkéier war iwwerlaascht. Eng nei Plaz huet missen hier, schonn erëm. 2019 ass de Wicki Beach zu Esch opgaangen, vill méi grouss an op méi grouss Eventer a Concerten ausgeluecht.

Säitdeem suergt de Wicki Beach zu Esch fir gutt Laun, gutt Musek a virun allem e ganz spezielle Vakanze Flair. „Dat ass Deel vum Konzept. D’Leit sollen eng eenzegaarteg an entspanend Atmosphär fannen, wann se hei hinner kommen.“ An dat maachen d’Leit gären. Ob et fir e grousse Concert ass, fir e Pride Event, fir Chrëschtdag oder berüümten DJ’s, wann de Wicki Beach eppes organiséiert ass et oft eng memorabel Affär.

Dobäi suerge si mat hirer Ekipp vun 30-35 Leit, jee no Event, fir eng optimal Versuergung vun de Clienten. Eng Ekipp këmmert sech zum Beispill drëm, dass d’Comptoiren ëmmer genuch Gedrénks hunn a fiert mam Quad ronderëm fir permanent de Ravitaillement ze maachen. „Ausserdeem hu mär eng héich performant Sound-Anlag déi mär ganz genau kënnen astellen. Dobäi kontrolléiere mär och konstant mam Dezibel-Miesser d’Lautstäerkt fir ëmmer an de Limitten ze sinn.“ Zudeem kënnen d’Clienten sech souguer per Wicki Beach App iwwer d’Eventer informéieren.

Dass de Wicki Beach funktionéiert ass an Tëschenzäit kee Geheimnis méi. Sou huet d’Ekipp vum Wicki Beach zum Beispill schonn eng Rei Präisser „Joer vir Joer“ bei de Luxembourg Nightlife Awards (LNA) gewonne fir de beschten Event Konzept & Location. „D’Clientë sinn eis vun Ufank un trei bliwwen. Mär hu vill Jonker déi gäre Party maachen, awer och eng Rei al Huesen déi ëmmer erëm kommen“, zielt de Kevin. „Och ech ginn net méi jonk“, laacht hien. Eng gutt Atmosphär a Vakanzen-Feeling ass ebe fir all Alter e Genoss.

Fir de Kevin ass et och keen Zoufall, dass si hir fest Plaz zu Esch fonnt hunn. „Mär si vun hei. Eis ganz Ekipp, eis Wicki-Famill, ass aus dem Süden. Esch ass dofir déi perfekt Plaz.“ „Esch ass d’Metropol vum Süden. Esch ass bekannt dofir, dass et hei Kultur fir jidderee gëtt. Dofir si mär hei op der richteger Plaz.“ Wann d’Sonn schéint, de Cocktail schmaacht, an d‘Clienten de Sand ënnert de Féiss spieren, dann denken si bestëmmt dat Nämmlecht.

Wie méi wëll iwwer de Wicki Beach gewuer ginn, ka si op Facebook an Instagram erëmfannen oder sech d‘Wicki Beach APP eroflueden (Google Play Store & App Store).