Quartiersgaart Breedewee – Eng Beräicherung fir jiddereen

An der Noperschaft
Mëtten an der Rue Large, fënnt een de Quartiersgaart Breedewee. D’Mireille Dondlinger këmmert sech fir Transition Minett mat vill Léift ëm de Gaart. Vu Beruff ass d’Mireille Web Designerin a schaaft och artistesch Kreatiounen. „De Gaart ass fir mech en Ausgläich zum beruffleche Liewen, wou ech vill virum Bildschierm sëtzen.“ A genau dësen Ausgläich soll de Quartiersgaart och anere Bierger bidden.
Eng accessibel Struktur

De Gaart gouf 2013 vun Transition Minett gegrënnt an am Ufank huet d’Mireille just gehollef. No an no, huet hatt ëmmer méi Responsabilitéit iwwerholl a geréiert en elo säit véier bis fënnef Joer komplett. „D’Iddi vum Quartiersgaart ass ee vun enger oppener, entspanender, accessibeler Struktur wou jidderee ka matmaachen an de Kontakt mam Buedem, mat de Planze ka spieren“, erkläert d‘Mireille. Sou kann all Bierger zu all Moment vun dësem Gaart profitéieren, egal ob en aus dem Quartier ass oder net.
Eng Hand upaken

Si kënnen dësen zum Beispill an der Mëttegstonn besichen an do hir Paus am Grénge verbréngen, oder natierlech am Gaart hëllefen. Dëst ass ee vun den zentralen Aspekter vum Quartiersgaart. All Samschde Moien um 10 Auer treffen sech hëllefsbereet Gaardefrënn a schaffen am Gréngs. Dobäi paken se dann och bei der reegelméisseger Recolte eng Hand un a kënnen um Schluss en Deel vum Geméis an de Kraider mat Heem huelen. „Sou verbanne mär zwee flott Aspekter mateneen. D’Schaffen am Gaart, entspaant a wäit ewech vum Alldag, an d’Belounung vun dëser Aarbecht: lokal, propper Iesswuere consomméieren.“
Sozial an naturverbonnen

All d’Parzelle sinn dobäi oppen an et gi keng individuell Zellen. Sou ka jiddereen dee kënnt un Allem deelhuelen. De sozialen Aspekt, den Austausch an déi gemeinsam Aarbecht an der Natur spillen dobäi eng grouss Roll. „ D’Leit sollen doduerch och erëm méi de Bezuch zur Natur a virun allem och zu hire Liewensmëttel kréien. Mär wëllen hëllefen hiert Bewosstsinn doriwwer wou eis Liewensmëttel hierkommen ervirzehiewen. Och zu wéi enger Joreszäit wat wiisst, wësse vill Leit net méi.“ An deem Kader freet d’Mireille sech och iwwer all Famill déi hir Kanner matbréngt oder wann emol erëm eng Crèche laanscht kënnt fir déi vill Planzen a Straich z’entdecken.
E natierleche Kreeslaf

All dat gëtt am Quartiersgaart Breedewee ouni Pestiziden oder kënschtlechen Dünger gemaach. Nëmme gesammelt Reewaasser, Kompost aus eegener Produktioun als natierlechen Dünger an de Buedem op der Plaz gi benotzt. Sou entsteet e propperen, natierleche Kreeslaf. Wou virdrun Haiser an duerno eng Friche ze fanne waren, kann een also haut e gemittleche grénge Fleck, voller Geméis, Kraider a begeeschtert Hobbygäertner entdecken – Eng Beräicherung net nëmme fir déi déi matmaachen, mee och fir de Quartier an d’Stad Esch.













