Escher Jugendhaus – E Projet fir d‘Zukunft

Escher Jugendhaus – E Projet fir d‘Zukunft
Découvrir

Identitéit, Konscht, Inklusioun a Klimawandel – dat sinn nëmme véier vun de villen Themen déi d’Escher Jugendhaus a grousse Projete mat de Jugendlechen opschafft. Eng motivéiert Ekipp suergt dofir dass de Jonken eppes gebuede gëtt, an si am Kader vun dësen Aktivitéite kënne méi iwwert sech selwer an d’Welt ronderëm si léieren. D’Aurelia Benvenuto deelt hir Passioun fir d’Jugendaarbecht mat hire Mataarbechter, a këmmert sech als Responsabel vum Escher Jugendhaus ëm d’Koordinatioun vun der Ekipp a verschidde Projeten.

Hir Aarbecht mécht d‘Aurelia mat vill Engagement a probéiert ëmmer méi Qualitéit an hir Projeten ze kréien. „Mär setzen do ëmmer méi op Qualitéit wéi Quantitéit. All eis Projeten hunn eng grouss Envergure. Sou daueren se oft méi laang a mär kënne vill méi an den Detail goen.“ D’Dauer vun de Projeten erlaabt et och méi op déi Jonk anzegoen. E groussen Challenge ass nämlech, genuch Zäit mat de Jugendlechen ze verbrénge fir kënnen e positiven Impakt ze hannerloossen.

„Eis Jugendlecher si ganz divers an eis Ekipp ass genausou villsäiteg. Mär probéieren all eis Stäerkten an d’Spill ze bréngen,“ erkläert d‘Aurelia. Sou huet all Educateur an Educatrice seng Spezialitéiten a Projeten. D’Joyce Turmes këmmert sech ëm alles wat mat der Ëmwelt ze dinn huet, organiséiert och emol eppes ronderëm d’Thema #mothernature a Campe goen, a mécht mat de Jugendleche reegelméisseg den „Trash Walking Challenge”. Hei ginn si op en Tour duerch Esch a rafen Dréck op, deen anerer hannerlooss hunn.

„Et ass wichteg e Bewosstsinn ze schafe fir d’Verschmotzung, net nëmme vun der Ëmwelt, mee och vu senger eegener Stad“, seet d’Aurelia. D’Joyce huet och an Zesummenaarbecht mat der Kufa an de Jugendlechen déi nei „Use-it Kaart“ vun Esch opgebaut.

De Christophe Laouamer konzentréiert sech zënter e puer Joer op d’Inklusioun duerch Bild- an Tounausbildung, „Peer to Peer“ Pedagogik, an och fir d’Mentalitéiten an den Aen vun de Jugendlechen z’änneren. Zwee Projete sinn esou opgestallt ginn: D‘ „Digital Crew“, eng Grupp vu Jugendlecher, déi am audiovisuellen Beräich trainéiert gëtt: Montage, Filmen, Interviewen a Berichter maachen. De Moment preparéiert de Grupp en Dokumentarfilm iwwer d’Jugend vun Esch, déi am Regionaltheater Esch Ariston am Joer 2022 gewise gëtt.

An dann nach den „Eys“ Evolution Youth Studio: Dëse Grupp Jugendlecher formt sech am Audio Beräich a léiert wéi ee Beats a Musik produzéiert. Sou kënnen d‘Membere vum Escher Jugendhaus hir Musek op Basis vum „No Hate Speech“ kreéieren.

D’Schüler autonom maachen, si an hire Projeten ënnerstëtzen, an hinne Vertraue schenken ass deemno e wichtegen Deel vun der Aarbecht vun den Educateuren an Educatricen. De Marc Berbiche ass den „alen Hues“ an der Ekipp. Hie schafft scho säit 20 Joer am Beruff a ka seng Erfarung a ville Beräicher abréngen. Sou leed hien zum Beispill och intergenerationell a kulturell Projeten, wou déi Jonk mat méi ale Matbierger zesumme kachen, Musek an Theater maachen oder e Bauerenhaff besichen. Och hei kréien déi Jonk wichteg Erfarunge mat op de Wee, déi hautdesdaags soss oft feelen.

D‘Zuel an d’Mëschung vun de Jugendleche variéiert am Kader vun den Aktiounen  déi grad ugebuede ginn. Bei punktuelle Projekter, mellen sech awer ëmmer vill Jonker fir matzemaachen. „Mär versichen och ëmmer nach méi cibléiert, pedagogesch Projete unzebidden, fir nach méi Jugendlecher unzeschwätzen an ze motivéiere matzemaachen. Dat ass eng grouss Erausfuerderung.“

D’Professionalitéit vun hirer Aarbecht, dréit awer hir Friichten. Reegelméisseg ginn d‘Aktivitéiten um Schluss nach verlängert. Sou wëll de Ministère de l’Education zum Beispill hir Aktioun „Develop Yourself“ iwwerhuelen, an e Projekt iwwer Mobbing genannt „Wann s de mengs“ gëtt vun engem Schüler a sengem Lycée weidergefouert.

Och d’Escher Jugendhaus collaboréiert reegelméisseg, an ëmmer méi, mat Schoulen, Lycéeën oder Institutioune wéi dem Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA, d’Maisons Relais vun Esch, d’Up Foundation, de Foyer Neudorf Caritas/Famil, de Club Mosaique vun Esch a nach Aneren. D’Aarbecht vum Jugendhaus huet sech also iwwer d’Zäit staark entwéckelt.

„D’Analyse vun de Besoinen, der Demande a vum Kontext ass vill méi detailléiert an doduerch héichwäerteg ginn. Mär kënne besser plangen an dorop agoen, wat déi Jonk brauchen a wou hinnen de Schong dréckt.“ Fir nëmme 5€ am Joer, kënnen déi Jugendlech sech am Escher Jugendhaus aschreiwen, e winzege Präis fir eng gigantesch Offer.

Wie méi wëll iwwer d’Escher Jugendhaus gewuer ginn, ka sech op www.crijesch.lu informéieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom