Simplicithé – Eng besonnesch Mëschung

Simplicithé – Eng besonnesch Mëschung
Gastronomie, Shopping

Motivéiert vu senger Léift fir den Téi selwer, dem Wonsch seng Kultur ze deelen an enger déiwer Leidenschaft fir Leit, huet d‘Ivona Slamova kierzlech Simplicithé opgemaach, e speziellt Téihaus am Häerz vun der Stad Esch. Simplicithé ass awer vill méi wéi just en Téi Salon. Genausou wéi den Téi, deen hatt ubitt, ass et eng speziell Mëschung vun Iddien, déi zesummen eppes ganz Besonnesches erginn.

Téi Kultur

An der Tschechescher Republik gehéiert Téi zur Alldagskultur, déi d‘Ivona mat senge Clienten deele wëll. D’Tschechesch Republik ass ee vun den Top 5 Konsumente vun Téi an Europa, an importéiert dräi bis véierdausend Tonne pro Joer. „Wou ech hierkommen, ass den Téi déif an eisem Liewensstil verwuerzelt. Mir drénken Téi bei bal all Occasioun, an ech fannen et esou schéin an och esou einfach fir eng waarm, berouegend Taass Téi mat engem ze deelen. Ech wollt en Deel dovunner op Lëtzebuerg bréngen“, erkläert d’Ivona. Esou ass och de Numm entstanen.

Eco-friendly

En aneren zentralen Aspekt vu Simplicithé ass d‘Nohaltegkeet. Fir d‘Ivona ass et wichteg alles am Liewe mat Respekt zur Ëmwelt unzegoen an Téi drénke gehéiert och dozou. „Ech hunn et schwéier fonnt Téi ze fannen dee lokal produzéiert gëtt oder dee ganz ëmweltfrëndlech Verpackungen huet. Fir Simplicithé kombinéiere mir béides an all eis Verpackungen si biologesch ofbaubar. Et gëtt null Plastik.“ Als Resultat sinn d’Téibeutelen zum Beispill aus Maisstäerkt, an d‘Take-away Becheren si komplett recycléierbar. Fir d’Zukunft plangt d‘Ivona souguer e puer aner, änlech lokal Produkter unzebidden.

Eng Mëschung fir all Stëmmung

Schlussendlech ass ee vun de wichtegsten Elementer vu Simplicithé hiert Konzept vun den Téimëschungen. Dëst si Mëschunge vu verschiddenen Téizorten, déi dacks eng spezifesch Funktioun hunn. „Deen een Téi mécht waakreg, deen anere berouegt, deen een ass ganz reng, deen anere méi aromatesch. Et gëtt en Téi fir all Stëmmung an all Occasioun. Ech kéint ni e Favorit wielen. Et hänkt alles vun der Situatioun of“, laacht d‘Ivona. Ausserdeem ginn et Kraidertéien, déi nëtzlech gesondheetlech Effekter hunn. Dëst sinn dacks Rezepter, déi iwwer Generatiounen an all Famill weidergi goufen. D’Ivona huet souguer zesumme mat enger lëtzebuergescher Kosmetik Firma eng Mëschung fir d’Hautfleeg zesummegestallt.

E Gefill vu Gemeinschaft

Nodeems d’Ivona seng Mëschunge fir d’éischt am Joer 2019 u Restaurante verkaf huet, huet hatt e bësse gezéckt sech an engem eegenen Téi-Salon ze engagéieren. Déi Escher hunn him et awer liicht gemaach. Wéi d‘Ivona ugefaangen huet a sengem Geschäft ze schaffen, sinn aner Geschäftsleit laanschtkomm, hunn him Froen iwwer Simplicithé gestallt an hatt encouragéiert.

„D’Gefill vun der Authentizitéit zu Esch an de Mix vun de Kulturen ass wierklech schéin. Déi aner Geschäftsleit  hu mir e wierklech schéint Gefill vu Gemeinschaft ginn. Et huet mech nach méi motivéiert fir weider ze maachen an huet mer Courage ginn. Et war richteg schéin hire Support ze hunn.“ Bal sou schéi wéi eng Taass Téi beim Simplicithé ze genéissen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom