Den Escher Familljendag – E Fest fir Grouss a Kleng

Den Escher Familljendag – E Fest fir Grouss a Kleng
Culture

Den Daniel Strock schafft säit Oktober 2019 op der Escher Gemengeverwaltung. Ongeféier zu där Zäit ass och d’Iddi entstane fir zu Esch e Fest z’organiséieren, wou all déi modern Forme vu Famillje gefeiert ginn. Den Ustouss dozou koum deemools vum Mandy Ragni, déi deemols Schäffe war. „Et gëtt Pappendag a Mammendag, a firwat net och e Familljendag? Hautdesdaags kann d’Bild vun enger Famill jo e bëssen anescht ausgesinn“, erkläert den Daniel. Seng Tâche leien eigentlech e bëssen anzwousch anescht, mee hien huet dësen Dossier an domadder d’Organisatioun vum Familljendag mat vill Enthusiasmus iwwerholl.

En Dag fir jiddereen

Den 18. September 2021 war déi zweet Ausgab vum Escher Familljendag, deen och schonn an der éischter Editioun vill Leit ugezunn hat. „Et geet drëms inklusiv ze sinn a jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, matzemaachen, egal wat säi Background ass.“ Sou sinn d’Aktivitéiten dann och breet gefächert: Kloteren, Vëlo fueren, e Sprangschlass, Gesellschaftsspiller, Bastelatelieren, a natierlech verschidde Spektakelen, wéi en Akrobat um Trampolin, e Concert vu Zero Point Five op der Brillplaz an nach villes méi. „Ech mengen dat war de flottsten Deel, dass jiddereen deen do war iergendwou seng Plaz fonnt huet.“

Lokal Visibilitéit

Bei der Organisatioun huet den Daniel dann och ganz vill Wäert op lokal Veräiner, Gemengeservicer a Kënschtler geluecht. „All Stand gëtt vun engem lokale Veräi betreit an déi meescht Kënschtler sinn och vun hei. Et ass wichteg déi Escher sou vill wéi méiglech z’involvéieren, déi lokal Associatiounen ze valoriséieren an hinne Visibilitéit op esou engem Dag ze ginn.“ Deemno huet ee virun allem Veräiner mat enger sozialer Oder an aus dem sportleche Beräich um Familljendag erëmfonnt. „Et ass och flott ze gesinn, wéi sou vill Escher op dem Dag zesummekommen an eng gutt Zäit matenee verbréngen. No de leschte Méint mat der ganzer Pandemie ass dat och wichteg.“

Op der Léier

Nieft den dräi grousse Sitten op der Brillplaz, op der Gemengeplaz an an der Uelzechtstrooss, gouf et nach e véierte Standuert Op der Léier. Hei konnten d’Leit haaptsächlech un Aktivitéite mat méi ale Familljememberen deelhuelen, déi do am CIPA ënnerbruecht sinn. „Mär wollten hei fir déi Leit, déi elo laang näischt richteg konnte mat hiren Elteren oder Grousselteren ënnerhuelen eppes ubidden.“ Niewent engem Stand mat Eisekuchen a Paangecher, gouf et hei zum Beispill den Atelier „Jardinons Ensemble“ vu Kreavert, e spezielle Yoga Cours vum Sonia Tomas, d’Clowne vun „Île aux clowns“ an eng Fotosausstellung.

E sonnegen Dag

Den Daniel huet sech dann och driwwer gefreet, dass esou vill Leit komm sinn, matgemaach hunn an alles an enger gudder Stëmmung ofgelaf ass. „Déi meescht Stänn hate Succès an et waren de ganzen Dag iwwer Leit do. D’Wieder huet och de ganzen Dag matgespillt, wat natierlech gehollef huet.“ Als een dee gäre vill mam Vëlo ënnerwee ass, huet d’Sonn him besonnesch gutt gedoen. Esch ass fir hie virun allem och dowéinst eng attraktiv Stad. „Et ass flott, dass een hei am Zentrum esou vill ze Fouss oder mam Vëlo erreeche kann. Et gi vill Geschäfter, Restauranten a kulturell Institutioune wou een a kuerzer Zäit hikënnt.“ – Virun allem wann d’Sonn schéint, esou wéi op den Escher Familljendag.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom