Boxclub Esch – Wéi d’Fauscht op d‘Aen

Boxclub Esch – Wéi d’Fauscht op d‘Aen
Sport

De Boxsport ass déif zu Esch verwuerzelt. 1921 gouf hei de Boxing Club an 1931 den CS Olympic gegrënnt. Dës zwee Box Veräiner hu laang zu de beschten am Land gezielt. 1924 hunn zum Beispill net manner wéi fënnef Boxer vum Boxing Club un den Olympesche Spiller deelgeholl. Iwwer d’Joren hu vill Escher Boxer, wéi de Jean Welter (dee souguer zu Esch géint de Max Schmeling geboxt huet), de Fritz an den André Wollscheid, den Emile Konter oder nach de Ray Philippe, sech e Numm am Boxsport gemaach. Vill vun hinnen hunn an der Zäit am Keller vun der Brill-Schoul trainéiert, wou si hiren Trainingssall haten.

Nodeems déi zwee Traditiounsveräiner 1990 fusionéiert a sech schliisslech 1994 opgeléist hunn, war et eng Zäit laang roueg am Reng zu Esch. 2016 huet de Boris Molitor, zesumme mat e puer Kolleegen, de Boxclub Esch gegrënnt, bei deem hien haut Trainer a President ass. „Ech hunn mech schonn ëmmer fir de Boxsport interesséiert an nieft dem Fussball och verschidde Kampfsportaarte probéiert. Ech hunn et och ëmmer schued fonnt, dass déi laangjäreg Geschicht vum Boxsport zu Esch kee Successeur fonnt huet.“

E wichtegen Aspekt vum Boxclub Esch ass fir de Boris d’Inclusioun. Jidderee soll kënne bei hinnen trainéieren an de Boxsport esou kenneléiere kënnen. De Bäitrag fir d‘Membere soll niddreg bleiwen an déi Jonk kréie bei hirer éischter Aschreiwung en Deel vum Equipement gestallt. „Et soll wierklech keng Barrière gi fir bei eis matzemaachen, egal a wéi enger Form. Dat ass Deel vun eiser sozialer Missioun. Um Training ass souwisou jiddereen d’nämmlecht, egal wou en hier kënnt oder wat e schafft.“ Matmaachen ass beim Boxclub Esch dann och ab aacht Joer méiglech an no uewe sinn dem Alter keng Grenze gesat.

D’Membere kënnen tëscht zwou Disziplinne wielen. Box Loisirs ass fir all déi, déi de Boxtraining wëlle matmaachen, sech awer net dofir interesséiere kompetitiv ze boxen. Si mussen dann och kee Sparring maachen, also en Training géint aner Boxer. „De Box-Loisirs ass ganz beléift well et, wéi de Boxsport selwer, en immens usprochsvollen Training ass.“ Fir jiddereen deen déi Saach well méi professionell ugoen, gëtt et dann de Competitiouns Training, wou ee wéi e Competitiounsboxer op richteg Matcher virbereet gëtt.

De Boxclub Esch hat och virun zwee Joer an der Massenoire ënnert den Héichiewen eng Boxgala organiséiert. Do hunn zéng bis 15 Amateursmatcher stattfonnt, déi all Kéiers dräi Ronnen daueren. „Dat ware schnell, technesch Matcher mat vill Atmosphär an definitiv en Highlight.“ De nächste Gala ass schonn a Virbereedung. Och soss huet de Boxclub Esch vill Pläng fir d’Zukunft. Deemnächst kréie si zum Beispill hiren eegene Sall an der Sportshal zu Lalleng. „Dat hëlleft, dass een sech richteg doheem fillt.“

Schrëtt fir Schrëtt wiisst esou d’Box Communautéit zu Esch. Fir de Boris ass dat awer just den Ufank: „Den Dram wier iergendwann e Boxer vun eisem Veräin op de Spiller vun de klenge Länner ze gesinn. Dat wier top. Ee vun eis deen Esch a Lëtzebuerg representéiert.“ Fir hie gehéiert Boxen op Esch. Als gebuerenen Escher, setzt hie sech dofir an, dass de Boxsport zu Esch erëm seng Plaz fënnt.

Mat véier Traineren an 105 Memberen schéngt déi grouss Geschicht vum Escher Boxsport, déi viru ronn 100 Joer ugefaangen huet, nach net eriwwer ze sinn. Sou behält de Boris dann och Recht: Boxen an Esch – dat passt wéi d’Fauscht op d’Aen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom