Cercle Escrime Sud – Inklusiv a populär

Cercle Escrime Sud – Inklusiv a populär
Sport

D’Isabelle Deville huet scho mat zéng Joer ugefaange mat Fechten. Deemools ass hatt ëmmer mat sengen Elteren an d’Piscine gaangen. Do huet hatt an engem Sall niewendrun enges Dages Fechten entdeckt a war direkt faszinéiert. „Ech hunn ëmmer scho Sport gemaach – Tennis, Schwammen, asw. – mee d’Fechten huet mech direkt gepaakt. Den techneschen a mentalen Aspekt hunn ech super interessant fonnt.“ Säitdeem ass de Fechtsport Deel vu sengem Liewen an als Presidentin vum Cercle Escrime Sud hofft hatt nach méi Jonker fir de Sport ze begeeschteren.

Jonk, al, Profi oder net

De Veräin ass viru 26 Joer aus der Fusioun vun dräi Veräiner aus dem Minett entstanen: de Cercle Escrime vun Déifferdeng, dee vu Schëffleng an dee vun der Fola Esch. Mat nëmme 15 Memberen hunn si deemools ugefaangen an am Laf vun de Joren ëmmer méi Leit konnte fir hire Sport begeeschteren. Haut zielen si 110 bis 120 Memberen, an dat aus allen Altersklassen. „Bei eis ka jidderee Member ginn, och wann een net wëlles huet de Sport professionell oder kompetitiv ze bedreiwen. Déi meescht Memberen, ongeféier 70, sinn awer Jugendlecher ënner 16 Joer.“

An deene 26 Joer kann de Cercle Escrime Sud och op e staarken Historique zeréckkucken. Hir Fechter hu reegelméisseg national Championnater gewonnen, an och un internationale Meeschterschaften deelgeholl. Besonnesch houfereg sinn si op dräi Membere vum héchsten Niveau: d’Lis Fautsch, de Flavio Giannotte an d’Anna Zens. „De Niveau ass allgemeng immens héich. Nach kee Veräin hat virdrun dräi Membere gläichzäiteg am Kader vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL). Och wann d’Liz dëst Joer opgehalen huet.“

Evenementer fir Grouss a Kleng

Nieft dem Training an dem Deelhuelen u Competitiounen huet de Cercle Escrime Sud sech och op d’Organisatioun vu gréissere Competitiounen ënnert der Schiermherrschaft vun der Federatioun, fokusséiert. „Mär hunn hei scho Villes op d’Bee gestallt, zum Beispill Weltcuppen fir d’Junioren an der Coque an aner grouss Turnéiere fir Dammen an Hären.“ Als Resultat ass d’Ekipp hannert de Kulisse vum Veräin gutt opgestallt fir mat hirer Erfarung an Zukunft weider Evenementer z’organiséieren. Dobäi hale si nach reegelméisseg regional Tournoien of, wou och manner professionell Sportler kënnen deelhuelen.

An da ginn et nach déi ganz kleng: scho mat véier Joer kann een ufänke mam Fechten am Cercle Escrime Sud. „Dat nennt sech Babyescrime an do ginn d’Punkten natierlech anescht gezielt. Um Schluss vun der Competitioun gewënnt ëmmer jiddereen“, laacht d’Isabelle. Zousätzlech ass de Veräin och ekipéiert fir Leit mat Behënnerung opzehuelen. Sou ass den Trainingssall per Lift zougänglech an si hunn eng Rei speziell fixéiert Rollstill mat deenen ee ka fechten. „Mär hunn am Moment keng Memberen déi an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn, mee mär hunn awer fir eisen neie Sall Wäert drop geluecht, dass déi Méiglechkeet besteet.“

E Sall fir jiddereen

Op de Fechtsall, deen si virun zwee Joer kruten, ass d’Isabelle och besonnesch houfereg. „Mär hu virdru missen um Lampertsbierg trainéieren an si frou elo awer erëm am Süden ze sinn. De Sall ass ganz modern an elo eist fest Doheem.“ Hei fannen da reegelméisseg d’Trainingen an och kleng Competitioune statt. Dobäi versicht de Veräin och aktiv de Stereotyp vum typesche Fechter ze iwwerwannen. „Fechten ass fir eis keen elitäre Sport, mee en inklusiven, populäre Sport. Deemno spigelen eis Memberen och de multikulturelle Charakter vun Esch an dem Minett erëm.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom