Boucherie Werdel – Eng Traditioun zu Esch

Boucherie Werdel – Eng Traditioun zu Esch
Shopping

Et waren dem Georges Werdel seng Elteren déi 1961 d’Metzlerei an der Uelzechtstrooss iwwerholl an domat den éischte Stee fir en Escher Traditiounsbetrib geluecht haten. Vill Jore méi spéit, 1981, huet dunn de Georges ugefaangen de Beruff ze léieren an hien a seng Fra hunn 1994 de Betrib du schliisslech iwwerholl. „A menger Jugend hunn ech och emol un aner Beruffer geduecht, mee meng Mamm huet mech iwwerzeegt de Familljebetrib z’iwwerhuelen. Et war eng natierlech Evolutioun fir mech an d’Metzlerei“, erënnert sech de Georges.

Un d’Demande ugepasst

Verschidden Ëmbauten, déi éischt an de 60er Joren an duerno nach an de 90er hunn de Betrib an och d’Produktioun erweidert. „Eise groussen Atout ass, dass mär bal alles op der Plaz selwer maachen. 90 Prozent  vun deem wat mär ubidden, gëtt an eiser eegener Kiche vu mär a menger Fra frësch hiergestallt.“ Dass dobäi och emol grouss Commande fir Privatleit oder Entreprise ufalen, stéiert de Georges awer net. „Dat ass eng vun de flotte Säite vum Beruff: den Challenge all Dag d’Produktioun unzepasse fir op d’Demande vun de Clienten anzegoen. Sou ass keen Dag nämmlecht wéi den aneren.“

Mat der Zäit goen

Eng Metzlerei hautdesdaags ze féieren ass fir de Georges awer net ëmmer einfach. „Et gi vill Defien. Et mierkt een dass d’Cliente manner ginn och wann insgesamt d’Vente méi oder manner déi selwecht bleift. Hautdesdaags sinn d’Leit och un de Confort gewinnt mam Auto akafen ze goen, wat net iwwerall méiglech ass.“ Anerersäits ginn et och vill Saachen déi net änneren. Traditionell Produiten wéi zum Beispill Träipen oder Liewerkniddele si nach ëmmer gefrot wa grad d’Saison dofir ass. „Och als Metzlerei muss ee mat der Zäit goen, awer net ze vill. Vill Leit iessen nach ëmmer gären déi Saachen, déi si och fréier gutt fonnt hunn.“

Zu Esch doheem

Eng traditionell Metzlerei also, déi säit méi wéi 80 Joer an der Uelzechtstrooss doheem ass, genau sou wéi de Georges zu Esch doheem ass. „Ech sinn Escher a bleiwen och een. Mär hunn eng flott Stad hei an an all deene Joren hunn ech hei nach ni eng schlecht Erfarung gemaach.“ Sou ass hien dann och houfereg op seng Stad an dass si 2022 Europäesch Kulturhaaptstad ass. „Ech hoffen dass Esch2022 eis nach méi Elan gëtt an d’Geschäftsleit, genau sou wéi d’Bierger, eppes gebuede kréien. Et ass sécherlech eng grouss Opportunitéit fir eis alleguer.“ – E Gefill wat sécherlech vill Escher mat him deelen.