Escher Turnveräin 1889 – En Ausgläich fir Kierper a Séil

Escher Turnveräin 1889 – En Ausgläich fir Kierper a Séil
Sport

Den Ermin Sonnetti ass scho säit 45 Joer am Escher Turnveräin. Dëst ass e Veräin fir all Zorte vun Fräizäitsport, wou jidderee ka matmaachen a sech a senger Fräizäit fit halen. Fréier huet den Ermin haaptsächlech Halefussball, och Futsal genannt, an enger vun den Fräizäitsport-Ekippe vum Veräi gespillt. Säit 2018 ass hie President a versicht ëmmer méi Leit fir de Sport ze begeeschteren. Eng Mëschung vu verschiddene beléifte Coursen an eng gesond, inklusiv Approche zum Sport ass fir hien dobäi dat Wichtegst.

Als Bouf war den Ermin virun allem begeeschtert vum Fussball, an huet viru 45 Joer an enger Fräizäitsport-Ekipp vum Escher Turnveräin ugefaangen. „Dat war ëmmer flott. Mär hunn trainéiert an zum Schluss e Match géintenee gemaach. Dat war kierperlech eng Erausfuerderung, huet den Alldag Stress ofgebaut an huet gläichzäiteg vill Spaass gemaach.“ Iwwer d’Joren ass hien dem Veräin trei bliwwen, an nieft senger Funktioun als President, hëlt hien och un anere Coursen deel.

E wichtegen Ausgläich

Den Ermin huet ëmmer vill Wäert op seng physesch Konditioun geluecht. De Sport am Veräin huet him dobäi gehollef, déi héich ze halen, fir dass hien seng 10 km pro Woch lafe konnt. „Hautdesdaags sinn et der awer net méi grad esou vill“, schmunzelt hien. Berufflech war den Ermin am Finanzsecteur aktiv, an de Sport huet him och e groussen a wichtegen Ausgläich zur Aarbecht bruecht. „Dat ass mat dat Wichtegst um Sport an dofir ass eise Veräin och do.“ Fir esou vill wéi méiglech Leit en Ausgläich unzebidden, geet den Indoor Fussball awer net duer.

Esou bitt den Escher Turnveräin och nach vill aner Coursen, wéi Yoga, Pilates, Tae Bo, Zumba an ab dem 6. Januar 2022 Tai-Chi, un. Hei ass et fir den Ermin besonnesch interessant dass dës Aktivitéiten eng grouss Plus-value fir de Kierper hunn. De Pilates, deen hien iwwer seng Aarbecht kenne geléiert huet, ass zum Beispill ganz gutt fir d’Kierperhaltung an de Réck, genau sou wéi och de Yoga, deen engem hëlleft méi zou sech selwer ze fanne mat Gläichgewiichts-, Otem- a Konzentratiounsübungen. „D’Leit brauchen en Ausgläich an doen hirem Kierper eppes Guddes. Dat ass e positiivt Gefill, virun allem wann ee vill um Büro schafft.“

Eng Escher Traditioun

Als „Escher Bouf“ ass d’Geschicht vum Veräin dem Ermin och net egal. Dësen huet sech nämlech 1994 aus der Fusioun vun den Traditiounsveräiner „C.A.G. Fraternelle Esch/Alzette“ an „Les Eschois“ gebilt. De ganzen Numm vum Club ass dann och „Escher Turnveräin 1889 asbl.“ fir op déi laang Geschicht hinzedeiten. Dëst Joer zielt de Veräi 94 Lizenzéierter.

Dat sinn der wéinst der Pandemie e puer manner wéi d’lescht Joer, trotzdeem awer eng Zuel déi lues a lues klëmmt. „Et mierkt een dass de Sport, d’physesch Aktivitéit an och de mentalen Ausgläich hautdesdaags ëmmer méi wichteg ginn.“

Ronn 60% vun de Lizenzéierte kommen dann och aus Esch. Déi Aner si queesch iwwer de Süden, d‘Haaptstad an d’Grenzregioun verdeelt. „Deen ee bréngt deen anere mol mat, esou dass verschidde Leit dann e groussen Trajet maache fir an d’Coursen ze kommen.“ Och vum Alter hier ass den Escher Turnveräin eng divers Grupp, de jéngste Member ass knapp zwielef Joer, an déi eelsten der 72. „Jidderee ka bei eis matmaachen“, seet den Ermin.

Wann ee fir de Fräizäitsport bei den Escher Turnveräin 1889 op Esch kënnt, da mécht een eppes fir sech perséinlech, et verbrennt e puer Kalorien an et fillt ee sech duerno besser. Fir Froen zu hire Coursen, schéckt eng E-Mail op infoetv1889@gmail.com.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom