White – Eng Institutioun, elo zu Esch

White – Eng Institutioun, elo zu Esch
Gastronomie

De Jonathan Engel kann een trotz senge jonken 39 Joer scho bal als alen Hues aus dem Nuetsliewe bezeechnen. 15 Joer laang huet hien de „White“ an der Stad Lëtzebuerg bedriwwen an dësen zu enger Institutioun vum Nuetsliewe gefouert. Wärend deene Jore gouf et kaum en Owend wou de White net voller Leit war déi do ouni Paus gefeiert hunn. Och d’Promie sinn do an an aus gaangen. National an international Bekanntheeten aus Sport, Musek a Film ware reegelméisseg op Besuch. Säit Mëtt 2021 ass de White elo an der Rue d’Audun zu Esch, an eng Wand mat Fotoen erënnert un de grousse Succès vu fréier.

En neit Konzept

„Et gëtt kee Grond firwat et hei net genau esou gutt ka goen, a wann déi éischt Méint eppes ze soen hunn, da si mär um gudde Wee, och wann d’Konzept hei en anert ass“, erkläert de Jonathan. De neie White ass nämlech kee Club, mee éischter eng Bar oder Lounge. Si sinn all Dag op a maachen an der Woch um 1 Auer, Freides a Samschdes um 3 Auer zou. „Et soll eng Plaz si wou d’Leit komme fir sech z’entspanen a mat hire Kolleegen a Kolleginnen oder der Famill een ze drénken. Dobäi gëtt et da, wéi een et vum White kennt, gutt Musek an nëmmen dat bescht Gedrénks.“ Besonnesch d’Cocktailer si laut dem Jonathan en Highlight. Hie selwer ass e grousse Fan vun hirem Mojito.

E klengen Ausflug

Dat ass awer net dat eenzegt wat een am White gebuede kritt. „Fir e bësse mat der Zäit ze goen, ginn et bei eis och Shishaën. Dës si ganz beléift bei de Jonken hautdesdaags an e groussen Hit.“ Pro Mount „verkafen“ si bis zu 1000 Stéck. Fir dass dëst och gutt iwwer d’Bün geet, ginn déi no all Benotzung professionell gebotzt an si vun héijer Qualitéit. D’Gäscht sollen sech dobäi am speziellen Dekor wuel fillen a kënnen aus dem Alldag flüchten. „D’Leit sollen sech fille wéi wann se anzwousch anescht wiere wann se hei sinn. Si kënnen hei eng Paus vum Stress dobausse maachen an sech gutt ameséieren.“

Eng Plaz fir jiddereen

An der Woch ass d’Ambiance dann och e bësse méi relax wéi de Weekend. Och Sonndes Owes kommen d’Leit gäre fir ze chillen. D’Musek réckelt do dann e bësse méi an den Hannergrond. Freides a Samschdes Owes ass am meeschte lass, an de Public, dee gréisstendeels tëschent 18 a 25 Joer al ass, feiert e bëssen. „Mär hunn awer och Leit déi méi al sinn, déi heiansdo gäre laanscht kommen, besonnesch wann et da méi roueg ass. Mär si jo och kee Club an deem Sënn, dofir schwätze mär och all Alter un.“ D’Terrass vun 150 Quadratmeter ass dobäi natierlech am Summer e groussen Hit. „Sou eng grouss Terrass, mat 20 Dëscher, ass am Zentrum vun Esch och eppes Extraes“, seet de Jonathan.

Eng perséinlech Touche

Nodeems de White an der Haaptstad zougemaach hat, war de Jonathan kuerz op Féiz an eng grouss Hal geplënnert. „Dat huet mär awer net esou gefall, well et einfach ze grouss war. Et war wéi eng „Massendisko“, an net esou perséinlech oder intim wéi fréier an der Stad oder elo hei zu Esch.“ Dass dat him besser gefält, huet och domat ze dinn dass hien sech hei méi wéi an enger Communautéit fillt. „Ech sinn och selwer säit véier Joer Escher, wunnen net wäit vun hei a fille mech ganz doheem. Ech hoffen, dass ech kann eppes Positives hei op Esch bréngen. Wann iergendwann de neie Quartier Rout Lëns hei niewendrun fäerdeg ass, da gëtt dat sécher eng flott Plaz.“ An de White wäert dobäi bestëmmt, wéi ëmmer, en Highlight sinn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom