GR Immotrust – Ee Familljebetrib an Ärem Déngscht

GR Immotrust – Ee Familljebetrib an Ärem Déngscht
Découvrir

Direkt bei der Escher Goar, do wou fréier emol eng Tankstell war, ass zënter 1990 d’Famill Greisch an hir Immobilien Agence doheem. Deemools, vum René a Claudine Greisch gegrënnt, gouf d’Ekipp vun der Agence 1998 vun hirer Duechter, dem Patricia, verstäerkt. Säit 2019, no iwwer 20 Joer am Beruff, leet hatt d’Agence an zweeter Generatioun.

Eng agespillten Ekipp

„Fir mech war vun Ufank u kloer dass ech géing no der Première an der Agence schaffen an dat hunn ech dunn och gemaach“, erzielt d’Patricia. Hir Firma beschreift hatt als klassesch Immobilien Agence: „Mär bidden all déi klassesch Servicer un: Verkaf, Locatioun, Akaf an Estimatiounen.“ Wat si awer besonnesch mécht, ass laut him déi perséinlech Touche an de klenge, familiäre Kader deen si bei all Projet matbréngen. „Mär sinn eng kleng Ekipp vu véier bis fënnef Leit, déi gutt agespillt ass, a wou déi eng Hand ëmmer weess wat déi aner mécht. Sou kënne mär eis Clienten optimal encadréieren.“

Individuell beroden

Als kleng Familljenagence ginn et awer och ëmmer méi Defien. „Wou mär ugefaangen hunn, goufen et am Land ongeféier 100 Agencen an haut sinn et der ëm déi 900. Do ass d’Konkurrenz natierlech méi grouss.“ GR Immotrust huet sech awer besonnesch am Süde vum Land en Numm erschafft, dee fir gudde Service an eng individuell Berodung steet. „Mär schaffen ëmmer all zesummen op all Projet. Sou kënne mär méi spezifesch op d’Besoine vun eise Clienten agoen. Jiddereen dréit do zum Succès bäi.“

Am Déngscht vum Client

Och nom Verkaf, engem Akaf oder der Locatioun steet GR Immotrust hire Clienten nach zur Säit. „Mär këmmeren eis och duerno nach ëm hir Wënsch, hir Froen oder wat soss esou opkënnt. Sou bleiwe mär zum Beispill den Intermediaire tëscht Locataire a Proprietär wann dat gewënscht ass.“ E Service also, deen een net bei all Agence kritt. Dozou bidde si och nach eng gratis, professionell Estimatioun vun all Bien un. „Mär huelen eis Zäit a bleiwen ëmmer en Uspriechpartner deen hëlleft wou e kann. Fir vill Leit ass en Haus kafen oder eng Wunneng lounen e grousse Schrëtt. Do ass et eis wichteg hinnen zur Säit ze stoen.“

Zesummenhalen

De Beruff ass deemno och eng richteg Passioun fir d’Patricia a seng Ekipp. Sou ass hatt dann och Tutrice fir déi Jonk déi eng Formatioun an der Agence maachen. „Déi Jonk sinn eis Zukunft. Et muss een si begleeden an hinne virun hëllefen. Si solle gesinn dass Aarbecht och ka flott sinn, dass ee ka frou mam Patron sinn a gutt als Team kann zesummeschaffen.“ Dës Astellung ass fir d’Patricia typesch fir Esch. „Zu Esch hale mär zesummen“, seet hatt.

„Mär sinn hei fest verankert. Eis Stad huet vill ze bidden a verännert sech konstant. Do muss ee mam Wiessel matgoen.“ Vun der Ekipp vu GR Immotrust hofft een awer, dass se esou bleift wéi se ass.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom