Den Escher Déierepark – Eng Oas um Gaalgebierg

Den Escher Déierepark – Eng Oas um Gaalgebierg
Découvrir

Den Escher Déierepark gehéiert scho säit laangem zu de flottsten Attraktiounen zu Esch a säit kuerzem elo och offiziell vum ganze Land. An der Kategorie „Service Touristique“ huet den Déierepark de Luxembourg Tourism Award 2021 gewonnen. Fir déi meescht Escher kënnt dat awer net als Iwwerraschung. Als Erhuelungsgebitt no um Escher Zentrum suergt den Déierepark fir Entspanung a Freed fir Grouss a Kleng.

Mëtten an der Natur vum Gaalgebierg, kënnen d’Visiteuren hei 100 Déiere vun insgesamt 25 verschiddenen Zorten op eng Fläch vun 2 ha entdecken. Eng Spillplaz, aartgerecht Gehege, pedagogesch Aktivitéiten, direkte Kontakt mat den Déieren a villes méi begeeschteren ëmmer erëm. Et kann een d’Déiere souguer mat frëschem Fudder selwer fidderen oder an de Bamhaiser am Park iwwernuechten. Ausserdeem ass de Park eigentlech ëmmer op an all Saison huet hire spezielle Charme.

D’Déiere beobachten, d’Natur genéissen, déi frësch Loft ootmen an e puer magesch Momenter verbréngen; dat ass d’Geheimrezept vum Escher Déierepark. An eisem Video erzielt d’Anne Meyers, Responsabel vum Escher Déierepark, vun der Geschicht vum Park, hiren Ziler a wat een alles do gebuede kritt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom