D’Natasha Bosnjak kann op vill Joren Erfarung als Schneiderin zeréckgräifen. Schonn ier hatt virun zwielef Joer op Lëtzebuerg komm ass, huet hatt jorelaang a sengem Beruff geschafft. „Ech hunn dëse Beruff geléiert wéi ech jonk war an üben e säitdeem och aus. Ech ka mär net virstellen eppes anescht ze maachen“, erkläert hatt.
Genau geschnidden

Vun 2017 un, huet d’Natasha dunn e Buttek zu Diddeleng gefouert. Fir awer kënnen z’expandéieren, ass hatt du mam Geschäft op Esch geplënnert. Hei bitt d’Natasha säit 2020 op méi enger grousser Fläch Kleeder a Gezei fir Mann a Fra, a virun allem Retouchen op d’Mooss un. „Fréier war dat nach vill méi geleefeg. D’Männer hunn zum Beispill e Kostüm kaaft, kruten en op d’Mooss ajustéiert an hunn deen du jorelaang gedroen“, erkläert hatt. Hautdesdaags géif méi séier eppes Neies kaf an dat aalt dann ewech gehäit ginn. Beim Natasha am Buttek awer, kritt een nach ëmmer Saachen déi geduecht si fir laang ze halen.
Gutt Wuer

„Mär hunn nëmmen éischtklasseg Wuer vu renomméierten an awer bezuelbare Marke wéi Cerruti, unique oder Carlo Pignatelli. De gréissten Deel vun eiser Offer ass och méi klassesch.“ D’Natasha setzt op Qualitéit déi hält, woubäi d’Clientèle eppes fir all Occasioun fënnt. „Ob elo fir am Alldag, de Büro, Hochzäiten oder soss speziell Deeg, mär hunn eppes fir all Moment am Liewen.“ Wichteg ass him dobäi, dass hatt senger Clientèle alles op d’Mooss upasst, wann dat gewënscht ass. „Am Atelier hannen am Geschäft gëtt alles genau un d’Wënsch adaptéiert. Sou kritt een de ganze Service gebueden.“ Verkaf oder Retouche, d’Natasha mécht alles.
Eppes fir jiddereen

D’Cliente kommen aus alle Schichten a mat de verschiddensten Originnen. „Déi eng sichen eppes fir e Feierdag, déi aner vläicht e Cadeau fir eng Frëndin. Mär hu ganz léif Clienten a ech freeë mech hinnen ze hëllefen“, zielt d’Natasha. Och jonk Leit géifen ëmmer méi oft kommen, zum Beispill fir eng Diplomiwwerreechung. Tëschent de Reie vu schicke Paltongen, elegante Kleeder a faarwege Krawatten, komme si all op hir Käschten. „Et ass wichteg eppes fir all Goût unzebidden, besonnesch hei zu Esch wou souvill verschidde Kulturen openeen treffen.“ Am Parami beim Natasha fannen si op allefalls eppes wat gutt sëtzt.







