Eng grouss Unerkennung fir den Uelzechtkanal

Eng grouss Unerkennung fir den Uelzechtkanal
Culture, Education & Recherche

Säit 1996 ass den Uelzechtkanal „on air“, wéi een an der Fernsee Sprooch seet. Nieft dem méi jonken Esch TV ass hien mëttlerweil ee vun zwee Escher Senderen. Am November gouf denn Uelzechtkanal mam „Mérite culture jeunes“ ausgezeechent. „Endlech“ kann een do soen. Säitdeem de Fernseeprogramm 1995 gegrënnt ginn ass, gëtt dëse vun de Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée de garçons Esch, ënner Opsiicht vun hire Proffen, produzéiert. Dass et heibäi awer ëm vill méi wéi just klassesche Schlappekino mat Reportagen, Technik a Medie geet, huet schonn eis kleng Videoreportage gewisen.

Fënnef Temoignage schwätze Bänn driwwer, wéi wichteg den Uelzechtkanal fir all déi ass, déi involvéiert sinn, a wat dëse Präis fir si bedeit.

Gianni Mersch – Responsabel Uelzechtkanal säit 15 Joer

„Den Uelzechtkanal bedeit fir mech dass mär der Schülerkënne Medie bäibréngen. E bedeit awer virun allem och   de Schüler Responsabilitéit an Organisatioun bäizebréngen. Se ginn ugehale hir Produktioune vun Ufank bis zum Schluss duerchzeféieren, sou dass si gezwonge sinn sech z‘organiséieren a Responsabilitéit z‘iwwerhuelen. Dat ass e ganz wichtegen Deel, deen iwwert de Fernsee an d’Medie wäit erausgeet. Esou e Präis ass natierlech ganz flott. Et ass eng verdéngten Unerkennung no 25 Joer Uelzechtkanal a spigelt dat erëm wat d’Leit eis an de Schüler oft op der Strooss soen. Dat bestätegt eis an d’Schüleroch an hirer Aarbecht.“

Noémie Borges – Enseignant Uelzechtkanal säit véier Joer

„Fir mech ass den Uelzechtkanal déi perfekt Méiglechkeet d’Schüler mat an d’richtegt Liewen ze huelen, dat heescht an engem professionelle Kader mat hinnen ze schaffen. Dëse Präis ass immens wichteg, besonnesch fir déi Jonk. Et gëtt oft gesot dass si sech fir näischt interesséieren an net engagéiert sinn, an den Uelzechtkanal ass e Beweis fir de Géigendeel. Mär gesinn hei dass si immens vill maachen an sech kënne begeeschteren, wann ee sech fir si interesséiert an si och emol schwätze léisst. Zesumme schaffen als Team, sech ëmmer erëm a Fro stellen an de Jonken nozelauschteren, dréit vill dozou bäi dass den Uelzechtkanal esou gutt funktionéiert.“

Maylea Marques – 1ère Section E

„Den Uelzechtkanal bedeit mär ganz vill: Et ass virun allem d’Weiderentwécklung vu mär selwer, nei Erausfuerderungen erliewen an och Erfarunge maachen déi ee soss net géing maachen. Den Uelzechtkanal mécht vill mat engem, et geet een iwwert seng Grenzen eraus, et léiert een sozial Kompetenzen a wéi ee mat Leit ëmgeet an dann natierlech de ganzen technesche Volet. Dat sinn alles Saachen déi een an engem normale Cours guer net léiert. Dat hei ass éischter eppes fir d’Liewen. De Präis ass eng Unerkennung fir déi Aarbecht déi hei vun de Proffen an de Schüler geleescht gëtt, déi scho vill éischter hätt misse kommen.“

Mikael Lorigo – 1ère Section E

„Ech war eigentlech op der Fotografie Sektioun a gouf do op 2ième net méi ugeholl. Ech sinn dunn hei integréiert ginn a sinn an Tëschenzäit frou driwwer dass et esou komm ass. Ech si méi introvertéiert, mee beim Uelzechtkanal hunn ech geléiert méi oppen ze sinn. Sief et elo hannert der Kamera oder virun der Kamera mam Mikro, doduerch dass ech gezwonge si mat de Leit ze schwätzen, hunn ech mech positiv verännert an dat fannen ech ganz cool. Heiansdo muss ech och an der Fräizäit e bëssen Zäit an den Uelzechtkanal investéieren, an dat gefält mer esouguer. De Präis ass eng Belounung fir jiddereen deen zum Erfolleg vum Uelzechtkanal bäigedroen huet.“

Gabriel Dias Moreira – 2ième Section G

„Ech war virdrun op enger Optioun déi mär net gefall huet, an ech hat ëmmer nëmme Guddes vum Uelzechtkanal héieren. Ech sinn du gewiesselt a säitdeem ass dat ee Cours wou ech mech wierklech drop freeën. Wat mär am beschte gefält ass d’Ambiance déi et hei gëtt an net esou eng streng Hierarchie wéi soss an der Schoul. Hei ass jidderee gläich vill wäert an et ass wéi eng Famill. Et kënnt een hei eran an et huet een nëmme Freed. Et wonnert mech net dass den Uelzechtkanal e Präis krut. Si dokumentéiere scho säit Laangem wat esou hei am Land geschitt a bréngen d’Kultur a villes Aneres méi no un d’Vollek.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom