Den Escher PlusBus – Méi wéi just een Transportmëttel

Den Escher PlusBus – Méi wéi just een Transportmëttel
Découvrir

Am Escher „Bureau d’information Besoins Spécifiques Seniors“, kuerz BIBSS genannt, sinn d’Nadine Villaume, d’Sonia Medina, d’Xhuljeta Shatrolli an d‘Romi Werner ëmmer bereet fir de Bierger mat Rot an Dot zur Säit ze stoen. Hei sinn si ënner anerem responsabel dofir de kommunale Senioreplang ëmzesetzen, déi järlech Seniorefeier an d’Iessen op Rieder z’organiséieren. Dobäi kënnt, datt si mat hire Partner, wéi ënner anerem GoldenMe, Mosaïque oder Aktiff, verschidden Aktiounen a Servicer plangen.

Eng hybrid Aufgab

Eng vun de groussen Neierungen 2021 war d’Aféierung vum PlusBus am Juli d’lescht Joer. De PlusBus ass e Service deen eng hybride Aufgab huet an op Réckmeldung vu verschiddenen eelere Leit  hinn, an d’Liewe geruff ginn ass. „Engersäits ass et en accessibelt Transportmëttel dat een als Léisung tëschent engem Taxi an engem Bus ka gesinn. Anerersäits ass et awer och ganz kloer eng Moossnam géint déi sozial Isolatioun“, erkläert d’Romi.

Et geet hei also net nëmmen ëm den Transport, mee och, a virun allem, geet et drëms jidderengem d’Méiglechkeet ze bidden, fir um soziale Liewen deelzehuelen. „Dëst ass jo besonnesch hautdesdaags net méi ëmmer garantéiert“, seet d’Nadine.

Wéi funktionéiert de PlusBus?

„De PlusBus ass wéi gesot keen Taxi. Et muss een sech also u verschidde Reegelen halen.“ Sou fiert de PlusBus (am Moment) just tëschent 9 Auer moies a 7 Auer owes um Territoire vun der Stad Esch, an et muss een e mindestens 24 Stonne virdru bestellen. Domat kann een de PlusBus dann zum Beispill bestelle fir akafen ze goen, bei den Dokter oder an d’Klinik ze kommen oder administrativ Demarchen ze maachen.

De PlusBus ass allerdéngs net gratis. Als Zesummenaarbecht vu ville verschiddenen Escher Servicer, mussen d’Fraise scho gedeckt ginn. En Ticket fir en eenzelen Trajet kascht 2 Euro, an e Carnet mat eelef Tickete kascht 20 Euro.

De PlusBus ass awer net fir jiddereen, mee scho ganz konkret fir Leit déi eng Léisung brauchen déi vum traditionellen ëffentlechen Transport net ofgedeckt gëtt. „De PlusBus ass geduecht fir Leit mat Aschränkungen a punkto Mobilitéit esou gutt wéi méiglech dohin ze brénge wou se hi mussen. Wann et geet, bleift en also virun der Dier oder esou no wéi méiglech stoen“, erkläert d’Romi. Dass dat net iwwerall geet ass natierlech selbstverständlech.

Dobäi gëtt et am Bus, nieft dem Chauffeur an eventuell anere Passagéier, och nach eng Begleedung, déi dofir suergt, dass jidderee gutt eran an eraus ka klammen. „Deen een oder aneren hält dann och emol Kosettercher mat der Begleedung, wat och flott ass“, seet d’Nadine.

Wie kann dann elo de PlusBus huelen?

Jiddereen deen iwwer 65 Joer al ass kann de PlusBus reservéieren. Ausserdeem ass en och nach disponibel fir Leit déi am Besëtz vun enger Invaliditéitskaart sinn, vun enger zäitweileger Invaliditéit oder Beweegungsaschränkung betraff sinn oder Fraen déi schwanger sinn. „An den zwee leschte Fäll brauche mär allerdéngs en Zertifikat vum Dokter, fir dass do net gefuddelt gëtt.“ Zousätzlech ka jiddereen och eng Begleetpersoun mat umelle fir den Trajet, déi dann awer och en Ticket muss bezuelen.

Umelle kann een sech am Escher BiBSS op der Nummer 24 an der rue Louis Pasteur, oder iwwer Internet op administration.esch.lu/formulaires. Fir Reservatiounen oder Froe kann ee sech och ëmmer per Telefon um 28 108 42 mellen

Eng luewenswäert Initiativ!

Bis elo ass den Escher PlusBus op e positiven Echo gestouss, an déi éischt Pilotphas gëtt verlängert fir nach weidere Feedback am Fréijoer an am Summer ze sammelen. „Et kann een ëmmer Upassunge maache fir de Service ze optiméieren, mee bis elo si mär ganz zefridden. Insgesamt hate mär ongeféier 400 Trajeten an den éischte sechs Méint. Dat ass scho net schlecht.“ Et weist och dass dëse Service néideg a wichteg ass fir de betraffene Leit eng gewësse Mobilitéit ze erlaben.

„Ausserdeem kënne si sou méi einfach um Liewen Deel huelen, dat eis immens wichteg. Just well een al oder manner mobil ass, heescht dat net dass ee muss doheem bleiwen. Mam PlusBus kann een awer an de Buttek oder e Kaffi drénke goen, a wichteg Rendezvousen sinn och keng Plo méi.“ Eng definitiv luewenswäert Initiativ also!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom