Kilic Kebab – Polyglott a ganz nei zu Esch

De Selahattin Kilic ass ursprénglech aus der Tierkei. 2012 ass hien op Lëtzebuerg komm fir sengem Brudder ze hëllefen. Dee bedreift e Kebab-Geschäft zu Iechternach. Do konnt de Selahattin säi ganze Knowhow asetzen a sengem Brudder domat ënnert d‘Äerm gräifen. Kuerz duerno huet hie sech mat sengem eegene Kebab selbststänneg gemaach a säit kuerzem ass hien och zu Esch vertrueden.
Vun der Musel op Esch

Säin éischt Lokal huet de Selahattin awer op Waasserbëlleg bruecht, wou hie säi Kebab-Buttek opgemaach huet. „No enger Zäit wollt ech nach en zweeten opmaachen an Esch huet mär gutt gefall“, seet hien. Säit Januar dëst Joer, kann een deemno am „Kilic Kebab“ laanschtkommen an dem Selahattin seng Platen, déi all selwer gemaach sinn, degustéieren. „Bei mär kënnt näischt aus der Fabrik. Ech maachen alles selwer, virun allem och d’Brout fir déi verschidde Platen. Dat ass déi beschte Qualitéit.“ Sou kann een him am Kilic Kebab oft nokucke wéi hien houfreg um Deeg schafft.
Eng aner Qualitéit

Laut dem Selahattin, ass nëmmen de selwergebakenen Deeg vu gudder Qualitéit. „Dat ass eppes ganz anescht. En ass méi frësch an huet net nëmmen e ganz anere Goût, mee och eng aner Konsistenz. Vill vun deem wat aus der Fabrik kënnt, ass wéi Gummi“, erkläert hien. Och déi aner Ingredienten, si laut him ëmmer frësch, fir dass de ganze Produit duerno besser schmaacht. Eng weider Spezialitéit vun him nennt sech „Pide“. Dës gesäit änlech wéi eng Pizza aus, gëtt awer ouni Tomatenzooss gemaach a mat aneren Toppings beluecht wéi déi klassesch italienesch Pizza. Dës „Pide“ kritt een zum Beispill mat Kebabsfleesch (Dinde a Rëndsfleesch), Poulet oder als vegetaresch Versioun.
Frou zu Esch ze sinn

De Selahattin freet sech endlech säi Geschäft zu Esch opgemaach ze hunn. Fir senge Clienten besonnesch entgéint ze kommen, huet hien am Laf vun de Joren eng ganz Rei Sprooche geléiert. „Ech schwätzen zéng Sproochen fléissend“, seet hien. Dorënner sinn natierlech Tierkesch a Lëtzebuergesch, mee och Portugisesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. Dobäi kommen nach Sprooche wéi Rumänesch, Kurdesch sou wéi e bësse Polnesch a Serbesch. Do ginn et wéineg Leit deenen hien net kann an hirer Mammesprooch Moie soen.
Ab elo zu Esch

Säitdeem hie säi Geschäftz zu Esch opgemaach huet, ass de Selahattin all Dag hannert senger Théik ze fannen. Esch kennt hien awer nach net esou gutt, a freet sech drop d’Stad a seng Bierger besser kennenzeléieren. Och fir d’Zukunft ass hie ganz optimistesch: „Ech freeë mech op all neie Client, hoffen dass alles gutt klappt an dass meng Saachen de Leit schmaachen.“ Mam Selahattin senger Astellung an senge vaste Sproochekenntnisser, kann de Succès net laang op sech waarde loossen.