Photo-Club Esch – De Bléck op Esch geriicht

Photo-Club Esch – De Bléck op Esch geriicht
Découvrir

De Photo-Club Esch ass 2019 offiziell honnert Joer al ginn an huet dëse Gebuertsdag 2021, mat e bësse Verspéidung, och gefeiert. Hei gëtt d’Fotografie net nëmmen als Hobby gefeiert a gedeelt, mee och als Instrument benotzt fir Esch a seng Geschicht ze dokumentéieren an ze studéieren.

Eng aner Struktur

De Jan Guth ass säit 2018 President vum Club, obwuel hie sech net gäre mat dësem Titel rëscht. „Mär versichen déi almoudesch Hierarchien ofzeschafen an eis nei ze organiséieren. Sou kann all Member de Club méi aktiv matgestalten. Et geet dem Veräin och besser, säitdeem mär all op enger Spuer fueren“, erkläert hien. Sou ka jiddereen am Club seng Iddie fir Aktivitéiten, Ausstellungen oder Änleches, abréngen.

Dobäi ass de Photo-Club Esch och net op d’Concours Fotografie fokusséiert, mee ass fir alles oppen.

Spannend Aktivitéiten

Sou kënnt et am Photo-Club och reegelméisseg zu flotten Aktivitéiten. „Mär maachen och emol Experimenter wou Chemiker a Physiker involvéiert sinn. Dat ka schonn e bësse verréckt sinn“, erzielt de Jan. Wann et awer emol méi roueg zougeet, da konzentréiert sech de Club vill op seng Heemescht, Esch-Uelzecht, an dorops dës ze dokumentéieren an ze studéieren.

„Iwwer d’Joren hate mär vill grouss Kënschtler am Veräin, déi net just eise Club, mee och Esch gepräägt hunn. Als Veräin, schaffe mär och gären d’Geschicht vun eiser Stad op a setzen eis och mat hirer Géigewaart an hirer Zukunft auserneen“, erzielt hie weider.

Material an Knowhow

An dësem Kontext, kënnen d’Membere vum Photo-Club Esch op eng ganz Rei Material zeréckgräifen. „Jidderee soll Accès zu engem professionellen Equipement hunn, woubäi mär awer och näischt dogéint hu wann een seng Fotoe mam Smartphone mécht. Soulaang d’Qualitéit stëmmt ass dat och legitim“, erkläert de Jan. Niewebäi huet de Club och e fonkelneie Printer, wou d’Memberen dann och gewise kréien, wéi een eppes dréckt a wourop een dobäi muss oppassen.

„Si sollen de ganze Prozess gewise kréien, vum Ufank bis zum Schluss, dat ass besonnesch an engem pedagogesche Kontext wichteg.“

En edukative Message

De Photo-Club setzt sech och ganz aktiv dofir an, déi Jonk bis ongeféier 30 Joer ze forméieren. „Si léiere bei eis Mediekompetenzen op allen Niveauen. Dat geet vum genannten Drockberäich bis hin dozou Quelle kënnen ze iwwerpréiwen. Mär wëlle si fir d’Fotografie begeeschteren an hinne gläichzäiteg en edukative Message mat op de Wee ginn, dat Ganzt ëmmer a Relatioun zu Esch.“ Sou kënne si zum Beispill aktiv um Projet „dokumentarESCH“, mat all senge spannende Voleten, deelhuelen. Fir de Jan, ass dëst e Projet deen him ganz besonnesch um Häerze läit, genau sou wéi „seng Stad“.

Eng Opnam vun Esch

„Bei dokumentarESCH geet et drëms d’Liewe vun der Stad Esch op akustesch, kënschtleresch, schrëftlech a visuell Aart a Weis festzehalen. Do ass de Photo-Club natierlech vir mat dobäi, an dat an Zesummenaarbecht mat der Escher Bibliothéik an dem Service Jeunesse.“ Déi verschidde Projete wéi d‘ “Verschéck m‘esch“ Kaarten, Schreifatelieren „2.022 Escher“ an nach vill méi, wëssen déi Jonk (an och all déi aner Memberen) net nëmmen ze begeeschteren, mee reegen se dobäi och zum Denken un, bréngen hinne wichteg Kompetenze bäi a weisen hinnen déi verschidde Facette vun hirer Stad.

„Esch ass e Symbol vu sozialer a multikultureller Oppenheet, vu Gerechtegkeet, Resistenz, Wëssen a villem méi. Och dat probéiere mär de Leit mat op de Wee ze ginn“, seet de Jan.

Foto Credit: Photo-Club Esch, 101

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom