Op Besuch am Bâtiment 4

2020 war Den Escher Blog op Besuch am Bâtiment 4. Deemools konnt een do gro Maueren, vill eidel Räim an en Hauch Begeeschterung fir dat wat kënnt entdecken – Biller déi mär deemools an engem Video festgehalen hunn.
Haut, annerhalleft Joer méi spéit, war Den Escher Blog op en neits am Bâtiment 4 an et kann een et soen: et huet sech vill gedoen. De Ralph Waltmans („directeur des affaires culturelles“ vun Esch) zitt ee Fazit vun deem wat an där Zäit geschitt ass, wat een hautdesdaags alles am Bâtiment 4 virfënnt a wat sech an Zukunft nach hei wäert doen. Kuckt Iech och den neie Video un a loosst Iech begeeschteren!