Light and Decor – Gutt beliicht

Light and Decor – Gutt beliicht
Entrepreneuriat & Innovation

De Ralphe Franke huet eigentlech Elektromechanik a Maschinneprogrammatioun geléiert. Fréier, viru méi wéi 30 Joer, war hien an deser Branche täteg. Niewebäi huet hien awer och mat Luuchten an Dekoratioun geschafft, virun allem fir Kolleegen a Bekannten. Duerch Mond-zu-Mond Propaganda, krut hien ëmmer méi Ufroe fir Projeten an deem Beräich ze realiséieren an huet sech schliisslech selbstänneg gemaach. „Mäin Hobby ass sou zu mengem Beruff ginn a säit 1993 gëtt et Light and Decor“, erzielt de Ralphe.

Vu kleng bis grouss

Am Ufank war et fir de Ralphe awer net einfach déi richteg Connectioune mat de Fournisseuren an de grousse Marken opzebauen. Vill vun hinnen hate schonn hir Butteker zu Lëtzebuerg wou si hir Wuer verkaf hunn. „Ech hunn dunn haaptsächlech mat Dekoratioun ugefaangen an och emol selwer Luuchte gebaut. Mat der Zäit konnt ech mech dunn etabléieren“, erkläert hien. Fir méi extravagant Projeten, huet hien och mat Partner aus der Groussregioun, wéi zum Beispill mat Verre Design vu Lonkesch oder enger Schlässerei aus der Stad, zesummegeschafft.

Wat genau mécht de Ralphe?

„Bei de meeschte Projeten, geet et drëms zesumme mam Client e Plang opzestellen, wéi eppes soll beliicht ginn, wat natierlech deelweis och mat der Dekoratioun zesummenhänkt“, erkläert de Ralphe. Sou kommen ënner anerem Leit bei hien déi eng nei Wunneng kaf hunn, en Haus bauen oder bei sech doheem renovéieren. Zesummen iwwerleeën si sech da wéi et duerno soll ausgesinn, wat  machbar wär, an wat net, a schliisslech wéi d’Iddie kënnen ëmgesat ginn. „Ech sinn an deem Sënn éischter eng Aart Beroder, deen de Clienten hëlleft hir Visioun ze realiséieren. Duerno ginn d’Aarbechten da vun aneren Corps de Métier ëmgesat.“

Clienten vun iwwerall

De Fait dass de Ralphe och de Chantier suivéiert, ass fir vill Clienten eng grouss Hëllef. „Dat fakturéieren ech zwar net, mee trotzdeem ginn ech gutt eng hallef Dose mol op de Chantier kucken ob alles richteg funktionéiert“, erzielt hien. Dass déi ronn 80% Privatclienten sou en detailléierte Suivi appreciéieren, brauch ee wuel net ze erklären.

Och fir grouss Firmaen oder ëffentlech Acteuren, huet Light and Decor, am Laf vu sengen 30 Joer Geschicht, eng ganz Rei vu Projete realiséiert: Büroe vun Schroeder & Associés, Comptabilitéits Büroen, Affekoten- sowei Doktesch-Praxissen, Restauranten wéi ënner anerem de Parc Le’h, Deeler vun der Escher Gemeng a schliisslech grouss lokal Firmae wéi Südstroum, déi dank der Zesummenaarbecht mat Electicité Romain Will réaliseiert ginn ass.

„Souguer am Ausland hunn ech Projeten iwwer Videokonferenz begleet: Provence, Spuenien, Korsika, England, souguer Mexiko.“

Vill Passioun

„All Projet ass eng nei Erausfuederung, an et ass ëmmer erëm spannend. Do kënnt och meng Passioun fir de Beruff hier“, seet de Ralphe. Als Escher Bouf ass hien awer och houfereg dorop dass hien all déi Zäit zu Esch säi Geschäft/Büro hat, a vun do aus mat vill Leidenschaft konnt säi Beruff ausüben. „Ech hätt och kënnen anzwousch anescht sëtzen, mee ech sinn eben en Escher“, seet hien.

Dass et him hei gefält ass och kee Geheimnis: „Esch ass meng Heemecht. Et ass méi onkomplizéiert hei an ech fannen dat mécht de Süden esou sympathesch.“ Déi flott Beliichtungskonzepter vu Light and Decor droe sécher hiren Deel dozou bäi.