Domino’s Pizza – Ëmmer a Beweegung

Domino’s Pizza – Ëmmer a Beweegung
Gastronomie

D’Susana Rodrigues ass zwar nach jonk, mee wat Pizzaen ugeet mécht keen him eppes vir. Nodeems hatt onerwaart huet missen d’Schoul ofbriechen, krut hatt d’Geleeënheet Vollzäit bei Domino’s Pizza ze schaffen, wou hatt virdrun als Studentin geschafft huet. Säitdeem huet d’Susana am Domino’s Pizza zu Esch alles am Grëff.

Domino’s Pizza eruewert Esch

Säit 14 Méint gëtt et den Domino’s Pizza zu Esch, an dëst mat groussem Erfolleg. Déi international bekannte Mark, konnt sech och um Terrain vun der Minettmetropol duerchsetzen. Deen een oder aneren huet bestëmmt och schonn déi onverkennbar Vëloe gesinn, déi d’Pizzaen am Zentrum vun Esch ausliwweren. An dat sinn der net wéineg. „An der Woch verkafe mär tëschent 900 an 1200 Pizzaen.“, seet d’Susana. Et kéint een also mengen, d’Escher wieren op de Goût komm.

Séier mee frësch

Den Deeg ass dat eenzegt wat den Domino’s zu Esch méi oder manner fäerdeg geliwwert kritt. D’Pizzaen ginn dann awer vun Hand op der Plaz zoubereet an dann am grousse, rouden Uewe op déi richteg Temperatur bruecht. „Domino‘s ass e Fast Food Restaurant deen op Pizzaen a Poulet spezialiséiert ass. Dat heescht awer net dass mär d’Pizzae fäerdeg aus dem Tifküler an den Uewe stiechen. Mär maachen se selwer hei hannert der Théik“, erkläert d’Susana houfereg. „Dat ass an der Fast Food Industrie net selbstverständlech.“

Méi wéi Pizza

Niewent de sëllege verschiddene Beläg déi Domino’s fir hir Pizzae proposéiert, kann een sech iwwregens och d’Zort vun Deeg eraussichen. Deen ass emol méi déck oder emol méi dënn, oder huet esouguer Kéis an der Kuuscht. Verschidde Pizza Variante sinn zudeem halal. „Mär bidden natierlech och knuspregen, panéierte Poulet un. Deen ass och ganz beléift a gëtt et a verschiddene Variatiounen. Dobäi kann een sech och en Dessert eraussichen, wéi zum Beispill e Moelleux, e Milkshake oder eng Glace“, seet d’Susana.

Op der Plaz

Wien emol zu Esch am Zentrum ënnerwee ass, kann och beim Domino’s Pizza op der Plaz selwer iessen. Niewent de gemittleche Plaze bannen, fënnt een hei och eng Terrasse, déi am Summer bestëmmt deen een oder anere Pizza-Begeeschterten ulackelt. Fir d’Susana ass den Domino’s zu Esch definitiv op der richteger Plaz. „Esch huet en Zentrum wou ëmmer vill lass ass. Et sinn och ëmmer Leit hei déi akafe ginn oder net wäit vun hei wunnen. Den Domino’s huet och eng Reegel dass hir Restauranten ëmmer mussen no bei enger Gare si fir den ëffentlechen Transport ze ënnerstëtzen. Et geet deemnächst och en neien Domino’s Pizza zu Esch-Belval, net wäit vun der Gare do, op. Do wäerte besonnesch d’Studente sech driwwer freeën.“

Am Moment huet Domino’s Pizza déi gutt Escher Pizza mat schaarfer Salami, Knuewelek an Anchoiën leider nach net am Programm. Et dierf een awer gespaant sinn, op sech iergendwann eppes dorunner ännere wäert.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom