Taxis Ambulance Eurolux – E wichtege Service

Taxis Ambulance Eurolux – E wichtege Service
Entrepreneuriat & Innovation

2005 war et wéi de Ricardo Nogueira Nuno de Sousa seng Firma „Taxis Ambulance Eurolux“ gegrënnt huet. Hien hat virdru schonn an deem Beräich geschafft a gesinn dass et do e grousse Besoin fir weider Servicer géif ginn. Hie konnt du seng ganz Erfarung an d’Spill brénge fir de Betrib opzebauen an de Clienten de beschtméigleche Service unzebidden. Zanter e puer Méint mecht hien dat vun Esch aus.

E Service deen néideg ass

Taxis Ambulance Eurolux bitt deemno all méiglech Zorte vu sanitären Transporter un. Dëst sinn an der Reegel Transporter wou Leit déi krank sinn, oder eng reduzéiert Mobilitéit hunn, anzwousch mussen hi bruecht ginn. „Dofir si speziell Autoen oder Ambulanzen néideg an natierlech och Personal wat spezifesch dofir ausgebilt ass“, seet de Ricardo. Domat ginn d’Leit da gréisstendeels op medezinesch Rendezvouse gefouert, wéi zum Beispill bei den Dokter, bei de Kiné, an d’Klinik oder vun enger Klinik an eng aner.

Verschidden Zorten Transport

Dës Transporter kënne ganz verschidde sinn. Et gëtt den Transport an enger Ambulanz wou Noutfall-Dokteren, Infirmieren an Ambulancieren sech ëm d’Wuel vun de Patiente këmmeren. Dëst sinn allerdéngs keng urgent Fäll, well do natierlech de CGDIS zum Asaz kënnt. Da ginn et nach klassesch Patiententransporter wou e Patient an e Gesondheetszenter, eng Maternité oder Spidol gefouert gëtt, an dat iwwer all Distanz. „Oft sinn et Patienten déi no engem Accident oder enger Operatioun reegelméisseg mussen op Rendezvouse gefouert ginn, an dëst selwer net kënne maache well hir Mobilitéit ageschränkt ass“, erkläert de Ricardo.

Professionell ënnerwee

Am ganze beschäftegt Taxis Ambulance Eurolux 20 Employéeën déi mat 17 Gefierer am Asaz sinn. Zesumme kommen si op ongeféier 20 Transporter pro Dag. Fir dass d’Patienten och zu all Zäitpunkt optimal encadréiert sinn, leet de Ricardo immens vill wäert op eng professionell Ausbildung. „Well mär jo hei Leit transportéieren, déi e bestëmmte Besoin hunn, muss eist Personal och richteg ausgebilt sinn. Wa méiglech hu si dofir zum Beispill eng SAP (secours à personne) oder SAP 2  Formatioun gemaach“, erkläert de Ricardo. Ausserdeem ginn och nach all néideg Reegelen a sanitär Mesuren agehalen.

Iwwer d’Grenzen eraus

Taxis Ambulance Eurolux huet ausserdeem eng Conventioun mam Centre Hospitalier Emile Mayrisch a senge verschiddene Sitten. „Esou assuréiere mär zum Beispill Transporter tëschent deene verschiddene Sitte vum CHEM (Esch, Diddeleng a Nidderkuer)“, seet de Ricardo. Dat heescht awer net dass si just am Süde vum Land ënnerwee sinn. „Mär schaffen am ganze Land, wou eis Patienten eis brauchen. Op Ufro fuere mär och an d’Ausland, souwuel an d’Grenzregioun wéi och méi wäit“, zielt hie weider.

Viru siwe Méint huet och Taxis Ambulance Eurolux Esch/Uelzecht als ideale Standuert fir hiere Siège entdeckt. Hir Büroen sinn elo zu Esch, wouduerch si och méi no um CHEM sinn – eng Beräicherung fir d’Stad Esch, net nëmme wann een en Transport brauch.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom