Bouschéisser Esch/Uelzecht – Wéi de Feil an d‘Zil

Bouschéisser Esch/Uelzecht – Wéi de Feil an d‘Zil
Sport

Den Tun Schlechter ass net nëmme Sekretär vum Bouschéisser Veräin Esch-Uelzecht, hien ass och ee vun den Traineren a President vun der Federatioun. Donieft geet hie natierlech nach sengem Beruff als Informatiker no. „Mär sinn natierlech e Sportsveräin, mee d’Kollegialitéit an d’Zesummesinn steet bei eis ganz uewen op der Lëscht“, seet hien.

E spéide Gebuertsdag

Mat engem Joer Verspéidung hunn d’Bouschéisser vun Esch dëst Joer hire 60. Gebuertsdag gefeiert. Sou laang gëtt et op mannst den eelste Veräin aus dem d’Bouschéisser Esch/Uelzecht a.s.b.l. entstanen ass. „Fréier goufen et zwee Veräiner hei zu Esch, déi dunn fusionéiert hu fir ee méi groussen ze grënnen. Dat si mär: d’Bouschéisser Esch/Uelzecht“, erkläert den Tun. Niewent dem Sport sinn esou Events, oder och méi spontan Aktiounen immens wichteg. „Mär sinn och einfach e Veräin, wou Leit zesummekommen an e bësse schwätzen a sech austauschen“, seet hie weider.

„Wéi se kommen“

D‘Associatioun zielt eppes méi wéi 70 Memberen, wouvun der ëm déi 25 konstant aktiv sinn. Déi meescht vun hinne si Männer, mee et ginn och e puer Fraen. Besonnesch bei deene méi jonken, ginn et méi Meedercher wéi dat nach fréier de Fall war. „Mär freeën eis iwwer all Member. Mär huelen se wéi se kommen“, laacht den Tun. Hie weist awer och drop hin, dass et virum Alter vun zéng Joer kee Wäert huet unzefänken, well de Bou dann nach ze schwéier ass. „Da mécht dat Ganzt och net vill Spaass“; seet hien. Fënnef Trainere suerge jee no Alter a Fortschrëtt fir de richtegen Encadrement vun de Memberen.

Aktiv dobäi

D’Spezialitéit vun den Escher Bouschéisser ass virun allem d’Organisatioun vun Competitiounen ronderëm hiren Hobby. Dräi mol am Joer organiséieren si nämlech verschidden Events mat verschiddenen Disziplinnen. Am Fréijoer fënnt e klassescht Scheiwenturnéier statt. Enn August dann ass e Feldturnéier mat zwee verschiddene Parcoursen. Dësen Event schreift sech och an am Kader vum Five Nations Tournament. An dann am September ass nach en 3D Turnéier, eng Aart Juegd mat Figuren aus Plastik déi am Bësch placéiert ginn.

E bësse vun allem

Fir sou Competitioune komme verschidde Leit och emol vu méi wäit, aus dem Ausland. Hei ass all Turnéier international, deemno kann ee matmaachen, egal vu wou ee kënnt. D’Membere vum Veräi komme virun allem aus dem Süde vum Land, woubäi si hei net den eenzege Bouschéisser Veräin sinn. „Wat eis awer e bësse speziell mécht, ass dass ee bei eis all d’Disziplinne ka maachen, wärend déi meescht aner Veräiner sech op eng eenzeg spezialiséieren“, erkläert den Tun.

Lassloossen

Fir den Tun an déi aner Memberen, ass d’Bouschéisse virun allem en Ausgläich zum Alldag. Niewent der Kollegialitéit, bitt de Sport d’Méiglechkeet ofzeschalten an de Kapp fräi ze kréien. „Et muss ee sech konzentréiere wärend dem Bouschéissen. Do vergësst ee soss alles ronderëm. Et entspaant net nëmmen de Kierper, mee och de Geescht“, seet den Tun. Et geet hei also net nëmmen drëms d’Scheif an d’Aen ze faassen an de Feil lasszeloossen, mee eben och seng Suergen. Dat ass et sécherlech derwäert eemol auszeprobéieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom