Eisen Tipp fir de Weekend: Eng Stad verwandelt sech

Eisen Tipp fir de Weekend: Eng Stad verwandelt sech
L'idée du weekend, Esch2022

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Een dovunner ass d‘Nuit de la Culture, déi elo eng fënneft a leschte Kéier fir dëst Joer op Esch kënnt. Ënnert dem Theema „Metamorphose“ erlieft den Stadzentrum dës Kéier eng Verwandlung, déi sou munch Iwwerraschung a sech huet.

E finalen Héichpunkt

Nodeems d’Nuit de la Culture dëst Joer vill verschidde Quartieren besicht huet an dës Staddeeler hier Awunner, Veräiner a Kënschtler wärend véier verschiddene Nuechte mat involvéiert huet, ass dësen läschten „Owend“ den Héichpunkt vun dësem Joer. D’Nuit de la Culture wëll op dës Art a Weis, d’Transitioun vun der Stad Esch begleeden – vun der Industriestad hin zur kreativer Kulturstad, vun de verloossene Frichen bis zu de neie Quartieren. A well dëst e grousse Prozess ass, dauert dës Kulturnuecht dann och net just een Owend, ma ganzer zéng Deeg.

Zwee international Projeten

De Startschoss vun dëser aussergewéinlecher Nuit de la Culture mécht de Projet REESCH, eng Mëschung aus de Wieder „Rees“ an „Esch“, den 2. An 3. September um 20 Auer. Dës Performance vu 50 Minutten mat 20 internationalen Artisten an 17 lokalen Dänzer hëlt d’Spectateuren mat op eng imaginär Rees. Direkter vun dësem Projet ass iwwregens de Martin Keown, fréieren directeur artistique vum Cirque du Soleil. Et kann een also gespaant sinn.

Den Ofschloss vun der Kulturnuecht mécht dann de Spektakel Barbara, vum Theaterkollektiv „La Machine“, an deem gigantesch Figuren zu Asaz kommen. Hei gëtt net nëmme Kultur a Konscht wuertwiertlech grouss geschriwwen, mee och d’Handwierkskonscht vun deenen, déi d’Figure gebaut hunn. Dräi grouss Marionetten – d’Barbara, den Giacomo an de Felix – beginn sech hei den 10. September um 19 Auer op eng „feierlech“ Rees. Opgepasst, et gëtt waarm.

Eng Verwandlung

Nieft deenen zwee grousse Projeten, dierf een awer net déi vill aner, méi kleng Spektakele vergiessen déi sech wärend dësen zéng Deeg duerch ganz Esch zéien. Hei geet et vun engem verzauberte Bësch, iwwer 25 historesch Escher Objeten, engem Foodmarket, Atelieren am Escher Kafé, bis hin zum Escher Kulturlaf an dem Escher Familljendag, déi sech dëst Joer der Nuit de la Culture ugeschloss hunn.

Méi Informatiounen

Wou genau déi eenzel Spektakele stattfannen an de ganze Programm fënnt ee wéi ëmmer op der Plaz an natierlech online. Och op Facebook an Instagram si vill weider Informatiounen ze fannen.

Esch ka sech also op zéng Deeg freeën, déi esou nach ni zu Esch stattfonnt hunn. Spektakelen, Atelieren a Performancen wäerten hir Spueren an der Escher Kulturlandschaft hannerloossen. D’Metamorphose vun Esch an den Escher Kulturnuechten 2022 ass e Rendez-vous dee keen Escher verpasse sollt.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

 

Fotoen: ©Nuit de la Culture

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom