Eisen Tipp fir de Weekend: „Mär si Stol“

Eisen Tipp fir de Weekend: „Mär si Stol“
L'idée du weekend, Culture

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Nach bis de 27. Oktober invitéiert d’Ausstellung „Mär si Stol“ hir Visiteuren fir eng Rei ganz speziell Konschtwierker z‘entdecken.

Eng speziell Toile

„Mär si Stol“ bezitt sech op déi industriell Vergaangenheet vum Minett a stécht dobäi duerch déi onkonventionell „Toilen“ eraus, déi de Kënschtler zur Verfügung steet. D’Surfacen op där d’Artisten sech kreativ austobe kënnen, sinn nämlech Sammlerstécker vun engem Auto oder Motorrad. Dës Stécker déi der Zerstéierung geweit waren, fannen esou en zweet Liewen.

Fënsteren, Dieren an nach méi

Esou fënnt een hei zum Beispill Fënsteren an Diere vun Autoen, dorënner richteg Klassiker, déi op déi eng oder aner Aart a Weis verwandelt goufen. Iwwer 25 Kënschtler hu matgemaach an esou hiren artistesche Fangerofdrock op den „Toilen“ hannerlooss. Wie vun engem Wierk besonnesch begeeschtert ass, kann dëst esouguer de 27. Oktober op enger Stee kafen, virausgesat natierlech et bitt kee méi.

Wéini a wou?

D’Ausstellung fënnt nach bis de 27. Oktober op der Nummer 69 an der Uelzechtstrooss statt, do wou fréier de Sephora war. Et kann een se och net just Weekends besichen, se ass nämlech all Dënschden, Donneschden a Samschden vun 14 bis 18 Auer op. Wie nach méi wëll gewuer ginn, kann dëst op der offizieller Säit maachen (LINK: https://www.history-vehicles.lu/).

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom