D’Ausstellung „Frontaliers. Des vies en stéréo“

D’Ausstellung „Frontaliers. Des vies en stéréo“
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier hu mär déi nei Ausstellung am Kader vun Esch2022 an der Massenoire fir Iech: „Frontaliers. Des vies en stéréo“. Dës immersiv Ausstellung vum Mehdi Ahoudig an vum Samuel Bollendorff dréit sech ganz ëm d’Thema Frontalieren, oder Grenzgänger.

En Deel vun der Gesellschaft

Mat „Frontaliers. Des vies en stéréo“ trëtt en Deel vun der Gesellschaft an de Mëttelpunkt deen den Alldag zu Esch-Uelzecht, an der Minett-Regioun an am noe Grenzgebitt beaflosst wéi soss kaum eng aner: d’Frontalieren. Dëst si momentan 212.000 Leit, vun deene méi wéi 50% aus Frankräich kommen. Méi wéi 90% vun de franséische Pendler liewen dobäi an den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle, zu deenen och déi aacht CCPHVA-Gemenge vum Esch2022 Gebitt gehéieren. Genau mat deenen befaasst sech d’Ausstellung och op eng multimedial Aart a Weis.

Eng dokumentaresch Rees

Déi zwee Kënschtler déi de Projet „Frontaliers. Des vies en stéréo“ op d’Bee gestallt hunn, de Mehdi Ahoudig an de Samuel Bollendorff, hunn eng Zort audiovisuell Etüd am Kader vun enger dokumentarescher Rees gemaach. Am oppenen Dialog mat zirka 80 Mënschen, deelen si hei hir Erfarungen a Resultater. Dës gi simultan iwwer dräi Medien, akustesch a visuell, gewisen. Ënner anerem hu si probéiert e Profil vum „typesche“ Frontalier ze erfaassen, deen dann hei och presentéiert gëtt.

Multimedial

Zousätzlech zur Ausstellung gëtt et um Esch2022-Site och eng Chronik déi verschidde Facette vun hirer Aarbecht vun Projet beliicht an op experimentell, direkt oder thematesch Aart a Weis behandelt. Dobäi gesellt sech nach den Dokumentarfilm „Il était une fois dans l’Est“ deen och Deel vum Projet ass an op der Télé (France 3 – Grand Est, France national, LCP: 10.11.22) an a verschiddene Kinoe gewise gëtt.

Wou a wéini?

De Kader fir dës spannend Ausstellung ass d’Massenoire, déi e phenomenale Kader bitt an un déi industriell Vergaangenheet vum Site erënnert. D’Ausstellung leeft vum 22. Oktober bis de 5. Februar 2023 an ass all Dag, ausser dënschdes, vun 11 bis 19 Auer op. Ab November änneren dës Zäiten sech op 11 bis 18 Auer. Bis den 30. Oktober inclus ass den Entrée gratis. Ticketen, Workshops a weider Informatiounen fannt Dir Online.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Pictures: ©Samuel Bollendorff

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom