Terre Rouge Bikers – Op zwee Rieder iwwert de roude Buedem

Terre Rouge Bikers – Op zwee Rieder iwwert de roude Buedem
Sport

D’Terre Rouge Bikers gëtt et scho méi laang. 2013 ass den deemolege Veräin mat Vélo Union Esch fusionéiert an zanterhier setze si sech zesummen fir hieren Hobby a Sport an: De Vëlo. D’Linda Rippinger ass Deel vum Comité an erkläert wat si alles esou maachen.

Reegelméisseg um Tour

Dat wichtegst bei engem Vëlos Veräin ass natierlech d’Vëlofueren. Sou treffe sech d’Terre Rouge Bikers, als Mountainbike Sektioun vun der Vélo Union Esch, all Sonndeg Moien um 9 Auer am Ellergronn fir en Tour ze maachen. „Wou mär fueren hänkt ganz vum Wieder of. Wann et dréchen ass fuere mer éischter op der Strooss an déi aner Zäiten am Bësch. De Minett bitt eis do all d’Méiglechkeeten déi et ginn“, erkläert d’Linda.

Déi eng Kéier geet et dann iwwer „Stock und Stein“ duerch d’Natur ronderëm Esch, an déi aner Kéier iwwer d’Stroosse vum Lëtzebuerger Süden.

Méi oder manner „Action“

Als Mountainbiker sinn d’Terre Rouge Bikers natierlech besonnesch gären am Bësch ënnerwee. „Et ass méi Action wéi op der Strooss an och technesch immens usprochsvoll. Do kritt een och emol e klengen Adrenalinkick wann et géi biergof geet. Am Hierscht ass de Bësch och immens schéi mat de ville Faarwen a Kontraster an d’Strecke sinn ëmmer ofwiesslungsräich“, seet d’Linda.

Beim Parcours huelen si awer ëmmer op all Member Récksiicht. „Et gëtt ëmmer e Wee ronderëm all Obstakel, wann ee mol e méi schlechten Dag huet oder sech net traut“, seet hatt.

Eng Unioun

Als Deel vu Vélo Union Esch, sinn d’Memberen allerdéngs ganz gemëscht. „Et ginn natierlech och Memberen déi just Strooss, oder just Bësch wëlle fueren. Do deele mer eis dann an zwou Gruppen op. Verschidde Membere schaffen och just un der Organisatioun vun den Evenementer,“ erzielt d’Linda. D’Flèche du Sud an d’Randonnée am Minett sinn do déi gréissten Evenementer, déi dem Vëslosfan sécher net onbekannt sinn. Awer och bei der Mobilitéitswoch oder dem Cyclotourisme maache si mat, oder si hëllefe bei Evenementer vun anere Veräiner wéi dem Tour du Luxembourg oder dem Schleck Granfondo.

Dass een dobäi och vill Benevolle brauch steet ausser Fro. „Fir d’Flèche du Sud brauche mär all Kéiers ongeféier 100 Benevollen an dat ass net esou einfach hautdesdaags“, seet d’Linda. Besonnesch fir d’Sécherheet ass et wichteg dass si genuch Leit hunn déi hëllefen esou e groussen a flotten Evenement op d’Been ze stellen. Wien also wëll eng Hand oder Guidon upake, soll ech roueg bei hinne mellen.

Schnupperen

Wie wëll Member ginn, brauch als éischt emol dat richtegt Material. E Vëlo an en Helm sinn do natierlech onverzichtbar, awer och déi richteg Kleedung sollt een hunn, besonnesch wann d’Wieder emol net esou gutt ass. „Eis Memberskaart kascht just 40€, do ass dann och eng extra Assurance mat dran an et kritt een eng Summeruniform vum Veräin. Memberen déi da méi aktiv sinn an Presenz weisen op den Evenementer, kréien zousätzlech eng Wanteruniform spendéiert“, erkläert d’Linda.

Wie sech dofir interesséiert fir Member ze ginn, kann och emol schnuppere kommen a matfuere fir ze kucken ob et him gefält.

De Bierg erop

D’Terre Rouge Bikers an natierlech d’Vélo Union Esch ass e Veräin dee mat vill Passioun hirem Sport nogeet. Op emol biergop oder biergof, riicht iwwer d’Strooss oder schaarf ëm d’Kéier, d’Terre Rouge Bikers rappt esou liicht keen aus dem Suedel. Wien si dobäi als Benevole wëll ënnerstëtzen oder selwer gäre mam Vëlo iwwert de roude Buede vum Minett düüst, deen ass bei hinnen op der richteger Plaz.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom