D’Stäip: Escher Nohëllef – Zu all Zäit bereet

D’Stäip: Escher Nohëllef – Zu all Zäit bereet
Education & Recherche

Mat tëschenzäitlech 23 Joer Erfarung, ass d’Stäip eng Aart Privatschoul fir Nohëllefcoursen déi sech zu Esch fest etabléiert huet. De Jean-Marie Goy ass Matbegrënner vun der Stäip a féiert se hautdesdaags eleng. „Am Laf vun der Zäit huet sech Villes geännert a mär hunn eis och deementspriechend ugepasst“, seet hien.

Dat blot Haus

An der Rue Louis Petit stécht d’Stäip duerch seng blo Fassad e bëssen eraus. D’Gebai ass dem Jean-Marie dann och ganz wichteg: „All eis Course fannen hei am Gebai statt. Sou gëtt et ëmmer eng Plaz wou d’Schüler kënnen hikomme fir hir Nohëllef ze kréien.“ Am Laf vun de Joren ass d’Gebai, wou sech fréier d’Imprimerie Diderich dra befonnt huet, ëmmer weider ausgebaut ginn. Sou fënnt een elo eng ganz Rei winzeg Schoulsäll hei, eng Bibliothéik, e Büro fir d’Organisatioun an e klenge Gaart mat vill Gréngs op deen de Jean-Marie besonnesch houfereg ass.

Eng Stäip

D’Stäip soll laut him nämlech net just eng Plaz si wou een eppes léiert, mee och eng kleng Communautéit duerstellen. De Gaart spillt hei dann eng wichteg Roll. „Am Summer sëtzen d’Schüler oder d’Proffe gären emol hei a poteren tëschent de Course mateneen“, erzielt hien. An dëst siwen Deeg an der Woch an esouguer 365 Deeg am Joer. „Mär bidden eis Coursen zu all Zäitpunkt un. Egal wéini e Schüler eis brauch, och wann et emol kuerzfristeg ass, versiche mär e Cours ze organiséieren. Mär sinn ni zou an ëmmer erreechbar“, erkläert de Jean-Marie weider.

All d’Coursen

D’Coursen déi d’Stäip ubitt decken all Schouljoer of, vum alleréischte Joer bis zur Première am Secondaire. A spezifesche Fäll kënne si esouguer Nohëllef Course fir dat éischt Joer Uni organiséieren. Am Summer da ginn et Preparatiounscourse fir dat nächst Joer an natierlech Nohëllef fir déi verschidden Noexame vun de Schüler. All d’Proffe vun der Stäip schaffen als Freelance a komme fir d’Coursen an de Raim vun der Stäip mat de Schüler zesummen. All d’Course sinn individuell, also ëmmer spezifesch fir ee Schüler an net a Gruppen, a daueren all Kéiers 100 Minutten.

Eng Evolutioun

Déi vill Verännerungen déi de Jean-Marie am Ufank ugeschwat huet, maachen him d’Liewe gréisstendeels méi einfach. „E grousse Changement koum zum Beispill duerch d’Kommunikatioun. Fréier hate mär just ee Festnetztelefon fir all d’Coursen ze organiséieren. Dat war natierlech en Challenge. Haut hu mär den Handy, maache vill mat Messagen an natierlech hëlleft den Internet och“, erkläert hien. Bei 30-40 freelance Proffen, honnerte vu Schüler an engem Anzuchsgebitt wat an Tëschenzäit iwwer Esch eraus gewuess ass, wier et haut mat engem eenzelen Telefon och net méi méiglech.

Eng gutt Atmosphär

Dem Jean-Marie ass d’Atmosphär an der Stäip och ganz wichteg. D’Personal versteet sech gutt mateneen an och soss probéiert hien ëmmer fir e gutt Aarbechtsklima ze suergen. „Dat ass och wichteg fir d’Schüler. Wann ee sech wuelfillt da léiert een och besser“, seet hien. Mat der grousser Flexibilitéit, der konstanter Disponibilitéit vun der Stäip an dem staarken Asaz vun der ganzer Ekipp ass dat quasi garantéiert. Wien also Nohëllef brauch, dee fënnt kaum eng besser Adress wéi dat blot Haus an der Rue Louis Petit.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom