KultEsch – De Kultur an Event Agenda fir Esch

KultEsch – De Kultur an Event Agenda fir Esch
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Den Escher Blog ass awer net déi eenzeg Plaz wou ee gutt Tipps fir Eventer zu Esch fanne kann. Eng aner Adress dofir ass de KultEsch, de Kultur & Event Agenda vun der Stad Esch.

Näischt verpassen

Véier mol am Joer informéiert dëse Magazin iwwert kulturell Eventer zu Esch, an dat scho säit 2013. De Magazin gëtt un all Escher Haushalt verdeelt a läit och op ville Plazen aus, ënnert anerem an der Gemeng an an der Infofabrik. Et kann een déi verschidden Editioun och online duerchbliederen. Hei geet et bei déi aktuell Editioun.

Vun Theater iwwer Ausstellungen, Konferenze bis hin zu Musek a Kino ass am KultEsch alles vertrueden. Déi aktuell Editioun couvréiert d’Zäit tëscht Dezember 2022 a Februar 2023 a stellt déi verschidden Eventer vir. Hei gëtt et och eppes fir all Goût, vu grousse Concerte bis hin zu klenge Vernissagen an Theaterstécker.

Méi wéi just en Agenda

Nieft engem gutt gefëllte Kalenner fënnt een am KultEsch och Virstellungen an Interviewe mat Leit aus der Kulturlandschaft an intressant Reportagen zu eenzelen Institutiounen oder Projeten. An der aktueller Editioun gëtt ënner anerem den Ariston virgestallt, deen seng Dieren erëm fir de Public opgemaach huet, an et kann een d’Maryna Rozhko, eng jonk ukrainesch Fotografin, déi hier Wierker aktuell am Bridderhaus ausstellt. E klenge Réckbléck op d’Eventer aus de leschte Méint däerf natierlech och net feelen.

Kulturhaaptstad Esch2022

D’Joer vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 geet esou lues op en Enn. Dës Projeten hunn d’Regioun dëst Joer gepräägt an deemno huet een dës Eventer an engem spezielle Kapitel vum KultEsch erëmfonnt. Mee och am neie Joer huet Esch um kulturelle Plang vill ze bidden a wann een e Bléck an den Agenda geheit fënnt sech eppes fir jiddereen.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom