Pure Europe – Europa an der Möllerei

Pure Europe – Europa an der Möllerei
L'idée du weekend, Esch2022

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Haut besiche mär eng weider Ausstellung vun Esch2022 déi ganz am Zeeche vun Europa steet.

Wourecht oder Viruerteel

„Pure Europe“ heescht dës Ausstellung an der Möllerei, déi nei an oft iwwerraschend Perspektive opweist. Wat heescht et Europäer ze sinn? Wat ass Europa? As et e politische Projet, eng Kultur oder eng reng ekonomesch Affär? Mat Hëllef vu sechs Attributer -kultivéiert, wäiss, räisch, chrëschtlech, al an national –  déi oft mat Europa verbonne ginn, ënnersicht d’Ausstellung dës Stereotypen.

Diversitéit

Wéi bei all Stereotyp fënnt een doranner e fonke Wourecht an awer och Viruerteeler. D’Ausstellung selwer jugéiert dobäi awer net, mee verleed de Visiteur dozou selwer ze iwwerleeën, sech Gedanken iwwer de Sujet ze maachen an eventuell Europa besser ze verstoen. Dëst Ganzt fënnt a Form vu Fotoen, Texter, Videoen, Objeten an Installatioune statt an ass iwwer zwou Etage verdeelt.

Wéini?

D’Ausstellung „Pure Europe“ fënnt vum 16. Dezember bis de 26. Februar an der Möllerei statt. Se ass déi ganz Woch vun 11 bis 18 Auer op, mat der Aussnaam vun dënschdes wou zou ass. Ausserdeem ass de 24. an 31. Dezember schonn um 15 Auer Schluss, an op de Feierdeeg de 25. a 26. Dezember an den 1. Januar ass och zou. Tickete kritt Där wéi ëmmer online oder an der Annexe22.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder luusst déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Léa Cheymol | Esch2022

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom