BENU – Vun Nohaltegkeet a Pionéier

Et mierkt een direkt dass de Geroges Kieffer immens passionéiert ass, wann hie vu BENU schwätzt. Tëschent schife Fënsteren, ge-upcycleten Kleeder a renovéierte Miwwelen, erkläert hien, zesumme mam Mara Dos Santos, d’Geschicht vu BENU.
D’Box gerass

No engem Pilotstudiegang an Däitschland, dee sech ronderëm Ekonomie an Ekologie gedréint huet, hat de Georges 1993 nämlech Schwieregkeeten an deem Beräich eng Aarbecht ze fannen. Hien huet déi Sujeten déi him no louchen – Recycling, UpCycling, Nohaltegkeet a Zero Waste fir der just e puer ze nennen – awer weiderverfollegt. Vue dass dës Themen zu där Zäit fir vill Leit nach keng grouss Roll gespillt hunn, huet hien dunn an der normaler Industrie geschafft. Eng Experienz, déi him awer och vill wichteg Erfarunge matginn huet.
„Ech hunn awer gesinn dass deemools zwar vill iwwer déi Sujete geschwat gouf, mee dass näischt gemaach gouf. Bei engem Spadséiergang ass mär dunn eng Kéier d’Box gerass, nodeems ech e Reportage gesinn hat wéi Kleeder gemaach ginn, a wéi déi Leit déi se maache behandelt ginn. Dat si Saachen déi mär um Mo leien“, erzielt de Georges. Säin nächste Schrëtt war dunn fir selwer aktiv ze ginn. De Grondsteen fir „BENU Village ESCH asbl“ war geluecht.
Mënschlech bleiwen

De Georges wollt virun allem eng Plaz schafe wou déi Iddien déi hie verfollegt huet zu 100% konsequent gelieft an duerchgezu ginn. „Wat kann ee maachen? Wéi kann een et besser maachen? Dat ware Froen déi ech wollt versichen ze beäntwerten“, seet hien. D’Kleeder waren en Deel dovunner, a Gezei wat ge-upcycled gëtt, also aus Material hiergestallt gëtt wat normalerweis ewech geheit gëtt, ass och haut nach eng vun den Aktivitéite vu BENU.
„Bei deem Ganze war et awer och wichteg mënschlech ze bleiwen, mee net bequeemlech, an och lokale Wäert ze schafen. Also mat Leit schaffen, déi vun hei sinn. Et ass eng économie circulaire socio-écologique“, erkläert hien. De sozialen Aspekt sou wéi de wirtschaftlechen Deel, bleiwen deemno net op der Streck.
Multidisziplinär

An Tëschenzäit huet BENU vill weider Projeten op d’Been gestallt, déi deelweis scho lafen oder grad am Gaange sinn ëmgesat ze ginn. 32 Mataarbechter, déi 9 verschidde Mammesprooche schwätzen, schaffe mëttlerweil dorunner. Sou gëtt et natierlech BENU Couture mat den nohaltege Kleeder, BENU Reuse déi gespente Miwwelen ophuelen, erëm a Stand setzen an un hir nei Besëtzer bréngen.
Vill aner Projeten, déi och nach méi de participativen Aspekt an der Virdergrond stelle sinn an der Maach. „Et ass wichteg d’Leit vun dobaussen ze integréieren, hinne Saachen ze weisen an ze erklären“, seet de Georges.
E Bléck an d‘Zukunft

De BENU Sloow ass zum Beispill en eenzegaartege Restaurant, deen nach 2023 soll opgoen. Hei gi qualitativ nach vollwäerteg Liewensmëttele verschafft, déi soss géingen ewech geheit ginn. D’Verschwendung vu Liewensmëttelen aus deelweis arbiträre Grënn steet also hei am Zentrum. Och eng speziell Bar mat innovative Cocktailer ass hei geplangt. Dëst Ganzt soll da spéider am BENU Village ze fanne sinn, eng Plaz vun der Découverte fir jiddereen.
„Hei kann ee sech Andréck mathuelen, eppes gewuer ginn a gläichzäiteg eng gutt Zäit verbréngen. Et geet also och hei drëms Opmierksamkeet ze schafen op verschidde Problemer an hir Léisungen“, seet de Georges. Eng Léisung zu ville Probleemer ass och oft d’Aarbecht vun de Pionéier déi mam gudde Beispill virginn an d’Dier fir déi aner opmaachen – esou wéi de Georges Kieffer an déi ganz Ekipp vu BENU.