Eisen Tipp fir de Weekend: Industrie-Tourismus zu Esch

Eisen Tipp fir de Weekend: Industrie-Tourismus zu Esch
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier dréit sech alles ëm d’Industriegeschicht vun eiser Stad.

Historesch wäertvoll

Wéi 1840 am Süde vu Lëtzebuerg de „Minette“ – eng Äerdschicht mat engem Eisegehalt vun ongeféier 30% – entdeckt gouf huet d’Industrialiséierung vum Land a virun allem der „Minett Regioun“ net laang ob sech waarde gelooss. Nieft den Hütten, Minnen, Stolwierker, Fabricken an Zich, bréngt dësen Opschwong och dausende vu Leit an d’Regioun. Et ass also net verwonnerlech, dass och haut nach de Stol an d’Eisen eng wichteg Roll spillen.

Déi industriell Vergaangenheet ass en Deel vun der Geschicht vun Esch, deen net nëmmen historesch mee och kulturell immens wäertvoll ass.

Spuere sichen

Wie sech also wëll op d’Sich maachen, fir d’Spuere vun dëser Geschicht ze entdecken a méi doriwwer gewuer ze ginn, dee fënnt schnell säi Gléck. Dank etlecher Organisatiounen ass d’Vergaangenheet zu Esch nämlech wat een upaken a vu ganz No erliewe kann. Sou kann een zum Beispill um Campus Esch-Belval déi massiv Monumenter vun där Zäit tëschent de fonkelneien Universitéitsgebaier bestaunen. E Besuch vun den Héichiewen ass do ënnert Anerem e Besuch wäert.

Vu ganz no erliewen

D’Muséeë ronderëm den industriellen Ierwe vun der Regioun sinn och definitiv kuckenswäert. De Musée Mine Cockerill oder de Musée „De Schmelzaarbechter“ gi vun engagéierten a begeeschterte Leit bedriwwen a bidden ganz vill historesch Géigestänn fir ze entdecken, déi dës Geschicht androcksvoll duerstellen. Etlech Wanderweeër zu Esch féieren och duerch fréier Äerzofbaugebitter déi lues a lues vun der Natur zeréckeruewert ginn.

Och kulturell bleift d’Industriegeschicht net op der Streck, sou dréinen sech reegelméisseg Ausstellungen iwwert dëse Sujet an déi traditionell Biergaarbechter-Musek leist d’Musék vun där Zäit weiderliewen.

Op eng Zäitrees

Wien also bereet ass op eng kleng Zäitrees ze goen an an d’Geschicht vum Stol zu Esch anzedauchen, dee muss net vill sichen. Besonnesch och d’Architektur zu Esch ka schonn immens vill dovunner zielen. Wien sech awer elo bei all där Offer net sécher ass wou e soll ufänken, dee ka sech an der Infofabrik weider Informatiounen, Tipps oder Broschüre siche goen. Hei kënne Gruppen och verschidde geféiert Touren buchen, wéi zum Besipill d’Promenade architecturale. Fir den Hobby Historiker ass sécherlech alles dovunner immens spannend.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom