„Le jumelage en photos“ – Léck op Besuch zu Esch

„Le jumelage en photos“ – Léck op Besuch zu Esch
Culture

Op den Ecrane vun der Stad Esch kann ee säit kuerzer Zäit eng ganz Rei schéi Biller entdecken. Dës Fotoen, agefaange vum berüümte Fotograf Jim Sumkay, bréngen d’Stad Léck a klengen Ausschnëtter op Esch.

Matenee verbonnen

Am Kader vum Jumelage mat Léck an der Belsch, deen dëst Joer säi 65. Gebuertsdag feiert, huet de Lécker Fotograf Jim Sumkay hei e Projet an den zwou Stied realiséiert. „Et ass e flotte Projet deen déi zwou Stied matenee verbënnt a souwuel Andréck vun hei zu Léck weist, wéi och ëmgedréint. De Fotograf huet dofir d‘Stëmmung vun de jeeweilege Chrëschtmäert agefaangen, fir dës mat der Partnerstad ze deelen“, erkläert den Dan Codello vun der Escher Gemeng. Et ass an Tëschenzäit esouguer eng Aart Traditioun, nodeems den Jim Sumkay dëse Projet och scho mat de Stied Köln, Marseille Pilzen an aneren duerchgefouert huet.

En Austausch

Den Jim Sumkay war fir dëse Projet dräi Deeg zu Esch ënnerwee an huet eng ganz Rei Fotoe gemaach. Dofir huet hien de Chrëschtmaart an awer och aner Deeler vun Esch, wéi zum Beispill den Universitéitsquartier Belval, besicht. Eng ronn 40 Biller sinn dunn zeréckbehale ginn a gi momentan op de kommunale Schiirmer  gewisen. Och eventuell en Drockformat oder eng Ausstellung vun de Fotoen, kéint den Dan Codello sech virstellen, mee fir de Moment ass dëst nach net geplangt.

Verschidde Plazen

D’Stad Esch huet och nach weider Partnerstied, mat deenen dëst joet de 65. Joresdag vum Jumelage usteet. Sou kéint ee sech zum Beispill mat Turin, Rotterdam, Lille oder Köln änlech Projete virstellen. Et gëtt esouguer gemunkelt, dass e Programm ausgeschafft géif ginn, fir de Jumelage mat dëse Stied deemnächst souwuel kulturell wéi och sportlech ze feieren. Wéi genau dat kéint ausgesinn ass natierlech nach geheim. Zu Léck zum Beispill ginn et Concerte mat Museker aus den anere Stied.

Zu Esch ënnerwee

Wien dëser Deeg also zu Esch ënnerwee ass, ka sech vläicht e Moment Zäit huele fir sech déi flott Biller vu Léck unzekucken. D’Ecranen beim Stadhaus, der Infofabrik oder der Sportshal bidde sech dofir un. A wie weess, vläicht steet jo grad dee Moment een zu Léck virun engem Bildschierm a kuckt sech dem Jim Sumkay seng Fotoe vun Esch un.