Zwee Kënschtler op ee Schlag

Zwee Kënschtler op ee Schlag
L'idée du weekend

28.01.2023 – 18.03.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Wéi wier et dann dës Kéier mat enger Ausstellung am Kamellebuttek wou direkt zwee Artisten hir Wierker presentéieren?

Duo Exhibition

Ënnert dem Numm „Duo Exhibition“ ginn am Kamellebuttek nach bis den 18. Mäerz d’Wierker vum Sarah Mandres a vum Pasko ausgestallt. D’Wierker vun deenen zwee Kënschtler ergänzen sech op eng harmonesch Aart a Weis a fannen am spannende Kader vum Kamellebuttek hiert Heem fir e puer Wochen. Gesiichter, Formen a Faarwen treffen hei a verschiddene Stiler openeen a suerge fir eng Ausstellung déi villsäiteg a spilleresch eriwwer kënnt.

Zwee Artisten

D’Sarah Mandres sollt deem engen oder aneren Escher scho bekannt sinn, nodeems seng Wierker am Escher Theater oder der Metzeschmelz ausgestallt goufen. D’Ausstellung am Escher Theater war deemools seng éischt Solo-Ausstellung. De Pasko ass éischter e Street Artist, deem seng Wierker een och emol dobausse fanne kann. Heiansdo sinn se dann do och ganz grouss. D’Biller vu béide Kënschtler si mol méi, mol manner abstrakt a vermëttelen oft déi verschiddenst Emotiounen.

Wéini a wou?

Wien sech vun der Wierker en Androck maache wëll, geet am beschten direkt an de Kamellebuttek luussen. Dësen ass dënschdes, donneschdes a samschdes vu 14 bis 18 Auer op. D’Geschicht vum Kamellebuttek selwer ass eng spannend, déi een iwwregens och um Escher Blog noliese kann. Wien nach weider Informatioune brauch, dee ka gären op hirer Internetsäit stöberen.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an der Rubrik „L’idée du weekend“. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom