D’Ausstellung „Instant Choices“ vum Paul Kirps

D’Ausstellung „Instant Choices“ vum Paul Kirps
L'idée du weekend

27.01.2023 – 11.03.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier gi mer bis an den Escher Theater, wou een niewent de ville spannenden Opféierungen och eng interessant Ausstellung entdecke kann. Nach bis den 11. Mäerz 2023 kann een hei d’Biller vum bekannte Lëtzebuerger Artist Paul Kirps erfuersche goen.

De Choix vum Klick

D’Ausstellung heescht „Instant Choices“ an dréint sech ronderëm den Choix deen de Fotograf op der Plaz muss huele, wann e mat Polaroid schafft, e Format mat deem de Paul Kirps sech säit e puer Joer beschäftegt. Dës Apparater, déi nëmme wéineg Opname kënne maachen an se direkt a klengem Format erstellen, limitéieren de Fotograf natierlech a sengem Schafen. Dës Limitt ass et déi zum „instant choice“ féiert an oft fir eemoleg Resultater suergt.

Wéini drécken ech of?

De Fotograf muss sech konstant Froe stellen: Ass elo de beschte Moment fir eng Foto ze maachen? Kréien ech dëse Moment esou am beschten agefaangen? Vill vun dësen Entscheedunge si säit der Aféierung vun der digitaler Fotografie verschwonnen. All Foto ass en Original an de Paul Kirps huet hei selwer vill interessant Motiver agefaangen, déi een am Escher Theater elo kann entdecken. En éischte Volet vun dëser Ausstellung, genannt Time 0, hat schonn am Joer 2021 an der Abbaye Neumünster stattfonnt.

Wéini ginn ech dohin?

D’Ausstellung kann ee vun dëschdes bis samschdes a vu 14 bis 18 Auer an der Galerie am Escher Theater besichen, dëst nach bis den 11. Mäerz. Eng gutt Geleeënheet bitt sech natierlech wann ee grad um Wee ass eng vun de villen Opféierung ze besichen. Finissage ass den 8. Mäerz um 19 Auer Owes. Den Entrée ass gratis.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom