BENU SLOOW – Eng kulinaresch Revolutioun zu Esch

BENU geet mam gudde Beispill vir a weist a ville Beräicher wat a punkto Nohaltegkeet alles méiglech ass: Kleeder, Miwwelen, Zéro Déchets an esouguer e ganzt Duerf aus upcycling Materialien. Mam BENU SLOOW woen de Georges Kieffer a seng Ekipp sech an e neie Beräich – dee vun der Restauratioun.
En eemolegt Konzept

„Mär hunn eis ganz laang mat Liewensmëttelkonsum beschäftegt an dem Fait dass 40% vun de Liewensmëttel weltwäit ewech gehäit ginn“, seet de Geroges Kieffer. Deemno schaffen si am BENU SLOOW zu 80% mat sougenanntem „rescue food“. Zesumme mat Signa Sàrl a mat Ënnerstëtzung vun der Santé, huet BENU genau analyséiert wat machbar ass a wéi een hei dat Bescht aus dëse Liewensmëttel kann eraushuelen.
Oft sinn dës Liewensmëttel just e bësse kromm an doduerch net „erwënscht“ oder de Supermarché deen se bestallt huet brauch se net méi wann se bis geliwwert ginn. Se sinn awer zu 100% bio, 1A Qualitéit an entspriechen allen EU Normen.
Eng Revolutioun um Teller

Getrei der Philosophie vu BENU, bleift et natierlech net dobäi. All Liewensmëttel gëtt bis op de leschte Wutz ausgenotzt soulaang dësen och iessbar ass, fir dass sou mann wéi méiglech Offall entsteet. D’Käch vum BENU SLOOW, déi Erfarung a Stärekiche gesammelt hunn, bréngen dann domat exzeptionell kulinaresch Kreatiounen op den Teller, déi e reegelrecht Fest fir d’Sënner duerstellen.
„Dobäi kënnt, dass d’Schaffe mat wëllen heemesche Kraider a lokale bio Produiten och nach gutt fir d’Gesondheet ass“, seet de Georges Kieffer. All Zooss gëtt zum Beispill selwer gemaach, sou dass keng Chemikalie musse bäigemëscht ginn fir dass si sech hält.
Dräi Grondsteen

Domat bedéngt de BENU SLOOW zwee vun den dräi Pilieren op deenen d’Konzept berout: méi Wäert op d‘Gesondheet leeë an natierlech Offall reduzéieren. „Den drëtte Volet baséiert op der sozialer Integratioun an Inclusioun. Sou fannen och Leit an der Ekipp vum BENU SLOOW eng Plaz, déi et duerch déi eng oder aner Ëmstänn am Liewe méi schwéier hunn“, erkläert de Georges.
Zwee Konzepter

Vum 13. Mee bis de 4. Juni funktionéiert de BENU SLOOW als Table d’Hôte. All Owend ass eng ganz speziell kulinaresch Experienz geplangt. E 7-Gänge-Menu gëtt mat kulturellen Elementer verbonne an et schmaacht een net just mam Mond, mee d’Clienten erliewen d’Plate mat alle fënnef Sënner. Avis aux amateurs also, et sinn nach Plaze fräi déi ee kann um Site reservéieren.
À la Carte

Ab dem 7. Juni mécht de BENU SLOOW seng Dieren als Restaurant „à la carte“ op. Den Interieur vum Restaurant ass bis elo nach geheim a soll eng Iwwerraschung sinn. Natierlech gouf och hei vill mat Upcycling geschafft a getrei der Transparenz vu BENU SLOOW ass d’Kiche komplett oppen. De Client kann zu all Moment de Käch nokucken an esouguer Froe stelle wann e wëll.
Mam gudde Beispill vir

BENU SLOOW ass e Konzept wat soll weise wat a Punkto Liewensmëttelkonsum alles méiglech ass. Net nëmmen d’Reduzéierung vum Offall sinn hei wichteg, mee och wat een aus de Liewensmëttel alles maache kann. „D’Leit dobausse solle motivéiert ginn eis et nozemaachen. Sou ginn et duerno och Atelieren, wou ee ka léieren, wéi ee Liewensmëttel kann op natierlech Aart a Weis konservéieren. „Villes wat an der Kiche gemaach gëtt ass net komplizéiert, mer hunn et just verléiert“, seet de Georges Kieffer.
Wéi an anere Beräicher traut BENU sech mam BENU SLOOW iwwert d’Grenze vun deem eraus, wat mär an eiser Konsumgesellschaft esou gewinnt sinn. Et ass ze hoffen, dass vill Leit hei hir Inspiratioun fann an hinnen et nomaachen.