Eisen Tipp fir de Weekend: De Monster Walk ass zeréck
28.10.2023
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. No fënnef Joer Paus ass et erëm esou wäit. Zu Esch spuukt et well de Monster Walk ass zeréck. Mee wat ass dat eigentlech genau?
Grouss a Kleng
De Monster Walk ass e grujelegen a lëschtegen Event fir Grouss a Kleng. Op der Gemengeplaz fannen dëse Samschdeg vun 12:00 bis 18:00 Auer divers Animatiounen am Geescht vun Halloween statt. Sou fënnt een hei net nëmmen Iessen a Gedrénks, mee och DJen déi fir Musek suergen, an eventuell Plaze wou een nach kann de Make-up opfrëschen.
Verkleeden
Allerlee Horrorfans fannen sech hei an hire Kostümer a fir um Monster Walk deelzehuelen. Déi eng oder aner Persoun wäert och mat engem richteg professionelle Kostüm dobäi sinn. Dat ass definitiv kuckenswäert a sou kënnt hei och richteg Halloween Stëmmung op. Den Escher Zentrum verwandelt sech quasi an e grousst Gespensterhaus. Ze fäerte gëtt et awer näischt. Ganz am Géigendeel, dat Ganzt fënnt an engem lëschtege Kader statt, wou vill gelaacht, gepotert an och emol gedanzt gëtt.
De Monster Walk
Um 15:00 Auer ass et dann esou wäit an de Monster Walk selwer geet lass Richtung Uelzechtstrooss. Hei beginn all déi grujeleg Kreaturen sech op e „Walk“ also e Spadséiergang vun der Gemengeplaz bis op d’Brillplaz. De leschte Monster Walk war 2018. D’Fotoe vum Sam van Maris vun 2017 weisen déi verschiddenst Kostümer vun de verschiddenste Leit; eng typesch Escher Affär also. Vun 2016 gëtt et och e Video ënnert dësem Link: https://youtu.be/6K1BuXKlhvM?si
Matmaachen zielt!
De ganzen Event ass organiséiert vun der Science Fiction and Fantasy Society an Zesummenaarbecht mam Escher Syndicat d’Initiative an den Escher Geschäftsleit, an der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Stad Esch an hire Servicer. Si alleguerte géingen sech freeë wann Där bis laanscht kommt an um Monster Walk deelhuelt. Sou kéint Där emol weisen, wéi „spooky“ Esch wierklech ass.
Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.
Fotoen: Sam van Maris for Geeks Life Luxembourg