Eisen Tipp fir de Weekend: Fënnef Joer Kamellebuttek
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier entféiere mer Iech an de Kamellebuttek, wou et zwar keng Kamelle ginn, dofir awer fënnef Joer Konscht zu Esch.
Fënnef Joer
De Kamellebuttek ass bekanntlech keng Galerie wéi een se scho kennt, mee en Haus wat komplett an e Konschtwierk ëmgewandelt gouf. Mat ëmmer neien, spannenden Ausstellunge fëllen d’Grënner Raphael Gindt an Daniel MacLloyd d’Haus. Dëst schaaft en interessante Mix aus Alldagsgéigestänn an Dekoratioune mat moderner, faarweger Konscht. Fir hire fënnefte Gebuertsdag ze feieren, invitéieren si op eng Gruppenausstellung déi et a sech huet.
Zeréck Heem
Och wann de Raphael Gindt an den Daniel MacLloyd an Tëschenzäit oft am Ausland ënnerwee si fir Wierker ze schafen oder auszestellen, besënne si sech fir hir fënnef Joer erëm zeréck op hir Heemescht. Sou bréngen si hei eng ganz Rei verschidde Kënschtler zesummen an de Kamellebuttek. Wierker vum Raphael Gindt, Daniel MacLloyd, Lisa Junius, Sarah Mandres, Chiara Dahlem, Thomas Iser, Koga One, Stick, Asaz One, Jo Malano, Kit Empire an Thomas Lloyd kann een deemno hei entdecken.
Wéini a wou?
Dat faarwegt Haus op der Nummer 14 an der Rue Marcel Reuland ass wuel kaum ze iwwersinn. D’Ëffnungszäite sinn dënschdes, donneschdes a samschdes vu 14 bis 18 Auer. Dobäi ginn et op dësen Deeg och reegelméisseg Afterwork Events bis owes 21 Auer. Wien also Loscht op modern, faarweg a spannend Konscht an engem eemolege Kader huet, deen ass beim Kamellebuttek op der richteger Adress.
Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.